X

u

Beispiller


 

De Wiert gëtt mir eng Bierendrëpp.

Am Mier wier et mir wierklech, fir ze fäerten.

Du wäerts är Zär dach net zouspären!

Ären Tuerm ass eng Spuer ze kuerz an Äert Gefier net hell genuch beliicht mat deene Bieren.

E Päerd an e Bier sti virum Sprangbuer.

 

 

Wann déi laang geschwate Vokalen ä oder o an och i oder u virum Konsonant r stinn, stellt sech d'Fro,
ob am Schrëftlechen en e virum r geschriwwe gëtt oder net, well den e geschwat gëtt.

Beim i a beim u virum r ass dobäi net méi relevant, ob e Wuert am Däitschen ir oder ur huet,
et gëtt am Lëtzebuergeschen ëmmer ier resp. uer geschriwwen.


 

r

D’PrinziPpien

 

Wierder mat ä gi just da mat e virum r geschriwwen, wann nach e Konsonant hanner dem r steet:

Äerd, äert Kand, gekläert


Steet den r eleng als Konsonant nom ä, gëtt keen e virum r geschriwwen:

äre Jong, Här, Kär, Pärel, Stär

D’Suffixe ginn eenzel gekuckt a ginn net matgezielt fir d’Konsonanten hanner dem r. Et gëtt deemno keen e virum r geschriwwen:

Märchen, järlech

Bei Wierder mat o gëtt den e virum r da geschriwwen, wann e getrennt vum o geschwat gëtt:

boer, Hoer, Joer, kloer, moer
kloert Waasser, moert Fleesch


Wann d’Aussprooch ännert an den r an eng nei Silb iwwerholl gëtt, da verschwënnt deen e:

jorelaang, mat borem Geld


Wann den i oder den u virum r laang geschwat ass, da gëtt en e virum r geschriwwen:

Bier, Bierger, Gehier, giereg, Iertum, Kierch, Nieren, Wiert, Zwier
bueren, duerch, fueren, huerelen, obskuer, Spuer, stuer, Tuerm


AUSNAMEN:

  • d’Pronomen: dir, Dir, mir, hir
  • de Prefix ur-: ural, Urenkelin, Ursaach, Urteel
  • fir, vir, zur
  • Ir, Iren, iresch
  • Friemwierder op -ir: Saphir, Souvenir, Vampir
  • Méisilbeg Wierder op -ur an hir Ofleedungen: Kultur - kulturell, Struktur - strukturéieren
  • Wann den i oder u virum r kuerz ass, kënnt ni en e dertëscht: Hirsch, Irland, Mettwurscht

 

 

Reegelen an Exercicen


12


(um Site vum LOD)

i

arrow

5


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

Mir geet eng Späicherliicht op.
(Alain Atten. Sproochmates. Band I. 2010)
An hues du dir de Leibes emol zevill voll gestach, Dann huel der Groussmamm hiert aalt Mëttel, eng Brach sicht d’Lach.
(Änder Bausch. Mir dibbere Jéinesch. 2015)
Meeschtens stellen ech mer vir, wéi mer et mateneen dreiwen. A bei allem krut ech ëmmer gesot, wéi dat heescht. An deem blöden Toun, wéi Proffen ëmmer mat engem schwätzen. Wéi wann een e Gehierkrëppel wier.
(Tullio Forgiarini. Dräizeng. Aus Amok. 201)
Du bass emol de Strack net wäert, fir dech ophänken ze goen.
(Verhonziklopedi. Pol Tousch. 1995)
Zu Arel op der Knippchen,
do sinn di Weiber frou.
Si huele gär eng Schlippchen,

eng drénkt där aner zou.
Et souzen dräi Gefuedeschen
am Wiertshaus bis an d'Nuecht
mat hirem Parlatinchen
an dronk'n eng Mooss er uecht.

(Zu Arel op der Knippchen. en traditionellt lëtzebuergescht Lidd, Text : Mathias Schou (Blannen Theis). 1747-1824. D'Lidd gëllt als offiziéis Hymn vun der Belscher Provënz Lëtzebuerg)

An zu Ettelbréck um Maërtche war oft der Däiwel lass, gouf och munchmol e Fockert vun engem Kaffert ugeschass.
(Änder Bausch. Mir dibbere Jéinesch. 2015)
Frächen, maacht Är Dier dach op.
Loosst de Spillmann eran!
Loosst de Spillmann sträichen,
sträichen op der Rommelpott.
(Frächen, maacht Är Dier dach op.
Traditionell: D’Frächen)
Hatt gesäit aus wéi eng ofgeleckte Botterschmier.
(Verhonziklopedi. Pol Tousch. 1995)
Kanner, o Kanner, o quel Malheur.
Mir mussen aus der Rue des Fleurs.
Wéi ass dat mënscheméiglech nur?
Mir musse fort vum Théiwesbur.
(Fritz Weimerskirch. D’Lidd vum Théiwesbuer. 1928)
Du meng Heemecht, Lëtzebuereg,
Staark am Soff, mee soss net uereg,
Huewermiel gëtt Huewerpaangeg,
Vun dem Glacis bis op d’Gare.
Putty Stein. D'Quiselchen. Staark am Soff mee soss net uerg. De Putty Stein a seng beschte Lidder. 1996
Du schaffs och léiwer mat de Kënnbaken ewéi mat den Hänn
(Pol Tousch. Verhonziklopedi.1995)
Hee, sot en ale Jesuiicht,
den hellge Geescht huet mech erliicht.
Kuck, wier kee Wollef op der Äerd,
da bräicht keen Hiert bei enger Herd.
Dicks. O tempora o mores. Allerhand vum Dicks. 1903
Ëmmer beim Orate frates
kuckt den Här mech frëndlech un,
an ech spieren: Eppes Glates
Kënnt mer séiss duerch d'Séil gezunn.
Putty Stein. D'Quiselchen. Staark am Soff mee soss nët uerg. De Putty Stein a séng beschte Lidder. 1996