cover

Brochure « Gewosst wéi ! »

An dëser Brochure ginn déi wichtegst Schreifweisen an hir Reegelen erkläert. Doriwwer eraus gëtt de Fokus op heefeg genotzte Wierder geluecht. D’Brochure hëlleft, fir en éischte verdéiften Abléck an d’Reegelwierk vun der Rechtschreiwung ze kréien, a kann och genotzt ginn, fir vereenzelt Reegelen nozesichen.

picture1

VIRWUERT


D’Lëtzebuerger Sprooch ass an eisem Alldag iwwerall ze fannen; net nëmmen an der mëndlecher, mä och an der schrëftlecher Kommunikatioun. Mir hunn eng flott a lieweg Sprooch a mir kënnen zu Recht houfreg drop sinn. Besonnesch eis Schrëftsprooch ass an de leschte fofzéng Joer duerch d’Opkomme vun neien Technologien an den digitale Medien nach méi wichteg an eisem Alldag ginn. Et ass selbstverständlech, datt mir op Lëtzebuergesch kommunizéieren.

weiderliesen ...


LËTZEBUERGESCH SCHREIWEN

A fofzéng Kapitele gëtt d’Schreifweis vum Lëtzebuergeschen erkläert, éischter exemplaresch wéi mat Reegelen. Zilpublikum sinn d’Leit, déi Lëtzebuergesch schwätzen an déi sech an d’Schreiwe wëllen aschaffen. Et ass och virausgesat, datt si Däitsch a Franséisch kënnen.

An all Kapitel sti fir d’éischt e puer Sätz als Beispill, déi de Problem vum Kapitel illustréieren, an och eng kuerz Erklärung. Dono kënnt e prinzipiellen Iwwerbléck iwwert déi verschidden Aspekter vum Kapitel, an och iwwert déi wichtegst Reegelen. Et steet dann e Lien do op de Site http://ortho.lod.lu/ vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire, wou d’Reegele genee erkläert sinn an och Exercicen ze fanne sinn.
Zum Schluss ginn et dann nach Riedensaarten an Zitater, wou een d’Problematik vum Kapitel an traditionellen Ausdréck oder am literaresche Kontext erëmfënnt.

Deen heiten Outil, fir Lëtzebuergesch léieren ze schreiwen, ass konzipéiert, zesummegestallt an erausbruecht vum Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) vum Ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse. En décke Merci un de Lëtzebuerger Online Dictionnaire “lod”. Och e spezielle Merci un d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der Universitéit vu Lëtzebuerg fir de Site: http://phraseolux.uni.lu.


REEGELEN

reegel1 reegel2 reegel3 reegel4 reegel5
reegel6 reegel7 reegel8 reegel9 reegel10

reegel11 reegel12 reegel13 reegel14 reegel15


VIDEOEN



video_all

Pousteren

LINKS

logo_lodlogo_spellchecker logo_inl

logo_cnl logo_cgie logo_cna