X

Beispiller


D’Wouerecht läit an eise Wierder.

D’Käizercher fänken haut e Koup Mais.

Ech gesinn hien heiansdo. Hie wunnt an enger Häipchen, déi ass net esou héich wéi d’Haiser niewendrun.

Dee Boiler ass deier.

 

 äi, éi, ei, ai, au, oi sinn Diphthongen (Duebellauter), 

ou, ue an ie meeschtens och, awer net ëmmer. 
Den ai kënnt vun au.


äi

D’PrinzipPien 


ei wéi bei hei:

deier, Eil (däitsch: Eule), leieren, Gewei, leien, Meis (däitsch: Meise)

ai steet just bei Wierder, déi vun au hierkommen, oder awer vum däitschen oder vum franséischen ai

Lais, Haiser, Gebai, Mais (däitsch: Mäuse, Mais), Pai

äi wéi Wäin:

Däiwel, Äis, Käil, Bäich, Bläi, mäi Wäin, hie läit, Mäifel

éi wéi Béier:

Déier, Éil (däitsch: Aal), léieren, wéi, léien, Méi

au wéi Fauscht a wéi Laun:

Auer, Daum, Drauf, klauen, sauer, haut
Bauch, Fauscht, Haut, lauschteren

ou wéi bei Kou:

Bouf, Brout, Kou, Schoul, wou

Mee a franséische Wierder gëtt den ou wéi en u geschwat:

Coupé, Clou, Coup

oi als Diphthong steet just bei Boiler a Koi, soss stinn eu, äu, ue

lëtzebuergesch, euphoresch, Europa, äusseren, enttäuscht

Bei de Wierder Moien a moies ass de Laut oi keen Diphthong, well en sech op zwou Silbe verdeelt.


A franséische Wierder gëtt oi wéi am Franséische geschwat: 

Trottoir, Besoin

ie ass meeschtens en Diphthong, ni e laangen i

Biedem, Lieder, Briet, zielen (däitsch: zählen)

ie gëtt heiansdo getrennt geschwat:

Plien

ue ass meeschtens en Diphthong: 

Buedem, muelen, Ueleg, fueren

ue gëtt heiansdo getrennt geschwat:

Suen

ae, oe si keng Duebellauter, mee si gi getrennt geschwat: 

Fraen, knaen, boer, Joer, goen, kloer

 

Reegelen an Exercicen


1 2


(um Site vum LOD)

ue

arrow

4


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

Hien huet eng mat der Broutschéiss.
(Riedensaart)


Päerd, déi am meeschte struewelen, zéien am mannsten.
(Verhonziklopedi. Pol Tousch. 1995)


Elo hunn ech jo kee Rouden a kee Wäisse méi an der Täsch.
(Alain Atten. Sproochmates. Band II. 2013)


Blo a rout ass Baueremoud.
(Riedensaart)
Déi Zäit, wou d’Mais Parécke gedroen hunn an d’Raten Hoerbeidelen haten, du ass dat geschitt, wat ech iech elo son.
(Dicks. De Wëllefchen an de Fiisschen. Allerhand vum Dicks. 1903)
O du do uewen, deem säi Fouss Sou muncher Aasch gerannt Komm, gëff dech drun a renn a stouss
Mol d’Säckdréier am Land.
(Jemp Schuster. Rout wäiss schro.1983)
Haaptsträitpunkt ass, ob dann elo en Déier méi wäert ass wéi eng Fra oder ëmgedréint. Eng ganz Kloertext-Emissioun an e Pisa-Magazin ginn net duer, fir zu enger eendeiteger Positioun ze kommen.
(Claudine Muno. Nobody fucks with the Rotkäppchen. Fabula Rasa. 2013)
‘t ass Fréijoer, an d’Vullen, déi si rëm erwaacht,
An d’Margréitchen huet sech eraus och gemaacht.
Si huet d’wäiss Kollrettchen erëm frësch ugedon,
Soubal si de Poufank gehéiert huet schlon.
(Michel Lentz. D’Margréitchen. Hierschtblummen)
De bessre Pak kritt bessre Loun,
Si stiele Länner, Leit a Spoun, A kréien dann eng gëlle Kroun.
(Tit Schroeder. De Schäffe vum ale Maart. 1963)
Mäi Schnéimännchen heescht Tunn
An huet um Kapp eng Dunn.
Eng Paprika, dat ass säi Mond,
Seng Nues, eng Muert vu bal zwee Pond.
(Josy Braun. De Schnéimännchen an d’Sonn. Papperlapappagos. 1996)