X

é_gris

Beispiller

 

Ech flécken der deng Lächer an der Box, awer d’Flecke kënne mer net ewechwäschen. 

Streck mer meng Hiemer, awer net meng gestréckte gréng Strëmp,
a mësch dat net an der Wäschmaschinn!

D’Schäffe sëtzen an der Gemeng zesummen a schwätzen iwwert dëst an dat.

 

ë den ö-Laut, ganz kuerz a betount,

e kuerz an onbetount, oder oppen, oder bei Pronomen (ech, mech, meng),

oder a kuerze Wierder

ä kuerz an oppen, kënnt vun engem Wuert mat a/ä oder o/ö hier

é kuerz a betount, virun ng, nk, ch, ck, x


ä

D’PrinzipPien 

 

E kuerzen an oppenen e-Laut gëtt e geschriwwen

blechen, Eck, enk, kleng, Steng, strecken, e frechen Iesel, hell, steppen

Et gëtt aawer ä geschriwen, wann d’Wuert vun a, ä, o oder ö hierkënnt, oder virun engem r

Frächen, käppen, Läpp, Häll, Träpplek (vun Trap), Pännchen, Käschten, tässelen, Schäffchen

Stär, gär, är

E kuerze betounten ö-Laut gëtt mat ë geschriwwen, souguer wann am Däitschen en ö steet; onbetount gëtt e geschriwwen:

kënnen, fëschen, dësen, mëll, Wëllem, kënneg, Kënnercher, rëselen, ëffentlech, fërderen, ëm (däitsch: um)

 

AUSNAM: kuerz Wierder, z. B.:

net, et, es, en, se, ze, em (däitsch: ihm)

Virun ng, nk, ch, ck, x steet dee betounten é: 

kléngen, strécken, Stéck, flénk, hie mécht Blénkerten a Béchsen an

Virun anere Konsonantegruppen a speziell virum sch steet en ë oder en e oder en ä, mee ni en é

eppes mëschen, Meschen an den Hoer, e Feier läschen, lëschteg sinn, leschte Freiden, 

 

Den ö steet just bei Wierder aus dem Däitschen, wou en och am Lëtzebuergesche laang geschwat gëtt:

blöd, Fön, Hörer


Bei Wierder mat pre-/prä- oder (-)ped(-)/-päd(-) gëllt d’Form mam e als Haaptvariant (den e gëtt net verduebelt). D’Schreifweis mat ä ass just dann erlaabt, wann et en däitscht Parallelwuert mat ä gëtt: 

Enzyklopedie / Enzyklopädie, Logoped(in) / Logopäd(in), orthopedesch / orthopädesch, pedagogesch / pädagogesch, Pedophilie / Pädophilie, pregnant / prägnant, Preparat / Präparat, Prepositioun / Präpositioun, present / präsent, President(in) / Präsident(in), preventiv / präventiv, Prezedenzfall / Präzedenzfall, preziséieren / präziséieren 

Bemierkung: Wierder ouni Variant mat ä

 Expeditioun (dt. Expedition), torpedéieren (dt. torpedieren)



REEGELEN AN EXERCICEN


1  2  3


(um Site vum LOD)

é

arrow

3


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

D’Kätt ass net vun der Heck gepléckt.
(Riedensaart)
D’Geld gëtt een ewech, d’Dommheet behält een.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi.1995)
De Mätti leeft dem Kätti mat der Wichsbiischt no,
Wat mécht hien do? E kënnt net no.
De Mätti leeft dem Kätti mat der Wichsbiischt no,

E kënnt net no, e sëtzt um Po.
(Traditionellt Lidd)
“Spëtzt op d’Ee, däint fiert entzwee”, an dann huet sech d’Saach entscheet: deem säin Ee duergehalen huet, hat dat gekrächt gewonn.
(Joseph Hess. Rout ass Glécksfaarf. Bei eis doheem. 1983)
De Proff war ausser sech, wéi hien d’Prüfung erëmginn huet. Hien huet mech esou kleng gemat, datt ech ënnert der Dier hätt kënnen duerchschlëppen, fir mech um Gank ze schummen.
(Lucien Blau. De Mathematik-Proff. Mat der Döschewo bei de Mao Tse-Tung. 2013)
O Gelift, Freed, d’Schoul? Dat geet net. D’Schoul, geldiert, dat ass Drill, a Follegen, an Angscht hunn, an Datzen, an am Eck stoen. Eist Schoulverständnis ass am Fong geholl e bësse Sado-Maso.
(Nico Graf. Hausaufgaben – derfir, dergéint, oder wéi? Dat seet een net. 2011)
Deen Auto misst emol gewäsch ginn, awer dat Schlëmmst ass e Pechert: “Nicht hupen, Fahrer träumt vom F. C. Bayern.”
(Georges Kieffer. D’Kaya. 2003)
D’Zäit, déi ännert, mee et gëtt et nach, Déi eng kréien d’Mëllech, an déi aner kréien d’Brach.
(Änder Bausch. Mir dibbere Jéinesch. 2015)
Ausgewuesse Maansleit trëllen
Duerch- an op- an iwwereneen
Een, dee päift ewéi e Wëllen
Wëller päifen iwwer deen
(Pir Kremer. De Fussballmätsch. Zesummegepiktes, 1971)
Dee gesäit d’Männercher; huet en se nach all? En ass vum Lämmes gebass.
(Alain Atten. Sproochmates. Band II. 2013)