X

Beispiller

 

Een déckt Ee läit um Wee. Ech leeën zwee gréng Eeër op dee Steen.

Ech ziele féx meng Fanger vun eent bis zéng.

Zu Eech an zu Dummeldeng steet ee bei all Geleeënheet am Stau.

 

 E laangen e-Laut: ëmmer ee.

Wann en drëtten, onbetounten e derbäikënnt: eeë oder ëee.
De kuerze betounten e-Laut: é.

eeë

D’PrinziPpien 

 

E laangen e-Laut gëtt an enger betounter Silb ëmmer mat ee geschriwwen: 

Reen, et reent, seelen, meeschtens, Feeler, hie geet fort, Heemecht, Theema, konkreet

De laange Vokal e gëtt an onbetounten Endsilben als ee geschriwwen (och an de Flexiounen):

angeneem/angeneemen, Bëbee, Fräiheet/Fräiheeten, Schéinheet

De laange Vokal e gëtt an onbetounte Silben (ausser Endsilben) als e geschriwwen:

kollegial, konkretiséieren, norwegesch

Bei verschiddene Friemwierder gëtt de laangen e net verduebelt:

Alphabet, Februar, Medien, Meter
Evangelium, Klerus, Medium, Tetanus

Helium, Neon, Selen

Bei verschiddene Wierder gëtt et Varianten:

Haaptvariant: eeben, extreem, Geen, heterogeen, Treema, Veen
Niewevariant:
eben, extrem, Gen, heterogen, Trema, Ven

Lännernimm ginn an hirer Grondform mat engem einfachen e geschriwwen, och wann dëse laang ass:

Amerika, Chile, Korea, Nepal, Norwegen, Schweden

Bei Ofleedungen (Adjektivbildungen oder Awunnerbezeechnungen) gëtt de laangen e an der betounter Silb verduebelt:

Chileen, Chinees, Italieener, Libanees, nepaleesesch, schweedesch

Friemwierder mat de Wuertdeeler beta-, de-, demo(-), dezi-, ego(-), mega(-), meta-, meteo(-), neo-, (-)ped(-), peri-, pre-, re-, steno(-), stereo(-), theo-, xeno- kréie just een e:

Demograf, Deziliter, orthopedesch

Wann en drëtten, onbetounten e derbäikënnt, da kritt deen en Treema drop:

Jeeër, gëeegent, leeën, gëeelzt, Pompjeeën, eeneeëg

De kuerze betounten e-Laut wéi bei “déck” oder “Gléck” gëtt é geschriwwen, virun ng, nk, ch, ck, x :

bécken, déck, strécken, Schwéngchen, hie mécht, hie séngt, zéng, féx

 

AUSNAMEN

Pronomen an och onbetounte Silben: 

ech, mech, dech, sech, meng, deng, seng, Bartreng, Sprénkeng, Houseker, Musek 


REEGELEN AN EXERCICEN


1 


(um Site vum LOD)

ee

arrow

2


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

“Jidderee frësst Déieren, wann en Honger huet”, fiert de Wollef virun, “just ech, ech ginn duerch d’Weltliteratur geschleeft, wann ech eng Kéier de Bak opdinn, fir e Stéck Geess oder e Stéck Schwäin ze maufelen.” “Mee da friess dach roueg”, seet d’Rotkäppchen
(Roger Seimetz. Dem Wollef seng Geschicht)
Ganz séileg vun elauter Freed flitt dunn dee klenge Gehaansfénkelchen héich an d’Luucht, de Stären entgéint.
(Carmen Colbett-Derichs. De Gehaansfénkelchen. Kleng Geschichten a faarweg Biller. 1990)
Ech lauschtere Kuschelrock, mee ech hu kee fir ze kuschelen. Wëll ech iwwerhaapt een?
(Cathy Clement. Ech denken nach vill un de Mike. Aleng. 2003)
Hie freet sech, wien doheem d’Box unhuet.
(Alain Atten. Sproochmates. Band I. 2010)
D’Meedchen huet e Walkman op a kritt näischt vum Kaméidi ronderëm mat. Seng Welt besteet just aus dem Jong, deen him déif an d’Ae kuckt, an der wonnerbarer Melodie a sengem Kapp.
(Sandra Schmit. Reality check. Walfer Bicherdeeg 2010. 2010)
Wann een dann nach d’’Horses’-CD vum Patti Smith aus dem Regal geholl an den anere Wee zeréckgestallt huet, da geet an der Bidden eng Klapp op an et kann een erof an e geheime Raum klammen.
(Claudine Muno. Cha-cha-cha. Walfer Bicherdeeg 2006. 2006)
Op der Heed läit de Wolzer Grof am Schnéi, dem Wolzer Grof deet keen Zant méi wéi. E läit an em Gruef, gefruer wéi e Steen. E seet net méi jo, e seet net méi neen.
(Marcel Reuland. Dräi Kueben. Dem Marcel Reuland sai Wierk. 1969)
Du schaffs och léiwer mat de Kënnbaken ewéi mat den Hänn
(Pol Tousch. Verhonziklopedi.1995)
D’Welt ass e Sak voll Kriibsen, wou een deen aner zwéckt; di iewescht gi gejuppelt, déi ënnescht ginn zerdréckt.
(Michel Rodange. De ReEnert. 1872)