X

 

Beispiller

 

Mir haten op d’mannst aacht Kanner am A gehal.

Um Ufank hunn d’Tute gutt gehal.

Kriibsen a vill Fritten ësst du am léifsten.

De Bop klotert op den Daach a moosst emol op der Kopp den Drot vum Telefon.

 

 De Vokal a, i, o, u  gëtt duebel geschriwwen, 
wann e laang geschwat ass viru méi Konsonanten. 
An den anere Fäll gëtt de Vokal a, i, o, u eemol geschriwwen..
aa

D'PRINZIPPIEN


Wann de Vokal a, i, o, u viru méi Konsonante laang geschwat gëtt, da muss de Vokal duebel geschriwwe ginn:

Aacht, Kriibs, Gaass (däitsch: Gasse), kaalt Wieder, Daach (däitsch: Dach), 
Piisch, hie moolt, ootmen, du tuuts


Soss gëtt de Vokal  a, i, o, u
 nëmmen eemol geschriwwen:
virun engem oder kengem Konsonant gëtt de Vokal laang geschwat:

Bop, kloteren, Tut, mir haten, kal, A, Stad, Kaz, Dag (däitsch: Tag), Glas, siwen, 
schif, ni, blo, molen, du otems, tuten


viru méi Konsonante gëtt de Vokal kuerz geschwat:

Fritten, gutt, vill, Batz, Ball, kill, Monni, futti, Haff, Schmadd

Et gëtt meeschtens keen h geholl, fir ze verlängeren: 

Ram, Drot, Walen, Walsonndeg, Fön, Bün, Küler


D’Variant mam däitschen h ass méiglech bei Wierder, déi ouni h iwwer dem Liesen net gutt erkannt ginn:

Fernseh (nieft Fernsee), Hellseher (nieft Hellseeër)


A verschiddenen international gebräichleche Wierder oder Fachausdréck an och bei Nimm bleift den h och stoen:

Diphthong, Mittelohrentzündung, Rhythmus, Theater, Theema, Ohn, Rhäin


Et gëtt keen ie geholl fir e laangen i, mee en i oder en ii:

Libesroman, Zil, geziilt

Just bei däitsche Wierder mat bleift och deen :

Nieren, schmieren, Regierung


Bei zesummegesate Wierder ginn d’Deeler eenzel gekuckt: 

Alstad, Molstonn 

En eventuelle Fouen-s (den s, deen d'Deeler vun engem zesummegesate 
Wuert verbënnt) gëtt net gezielt, fir de Vokal ze verduebelen: 

Spidolsplang, Radiosprogramm, Futtballsmatch

Déi Reegelen zielen och fir ä, ö, ü

üben, geüübt, prägen, gepräägt, blöd, de Blöödsten


E Suffix oder e Prefix gëtt gekuckt ewéi en onofhängegen Deel vun engem zesummegesate Wuert:

Mod – Modchen (den o ass laang, e muss net verduebelt ginn, well just den eenzele Konsonant d consideréiert gëtt, den ch vum Suffix net)
Af – Äffchen
(den f muss verduebelt ginn, well de Vokal kuerz ass)


Hei eng Lëscht mat deene wichtegste Suffixen:

-chen: Märchen, Ham – Hämmchen, Trap – Träppchen, Tut – Titchen
-bar: strofbar
-haft: narhaft
-lech: änlech, nämlech, üblech, wotlech berufflech, friddlech, männlech, ongemittlech, zimmlech
-lecht: nämmlecht
-lek: Trap – Träpplek
-ling: Libling, Schädling
-los: wallos
-nes/-nis: Erlabnes/Erlabnis
-sam: rotsam
-schaft: Grofschaft, Komerodschaft


AUSNAMEN 

De Vokal an de Prefixen do-, no-, of- a vir- gëtt laang geschwat an net verduebelt:

dobleiwen, nobréngen, nostoen, ofginn, ofmaachen, virdrun, virgoen, virmaachen


Och de laang geschwate Prefix ur- bleift onverännert:

Ursaach, ursprénglech, Urteel, verurteelen

Bei ville kuerze Wierder gëtt de Vokal kuerz geschwat, obschonns nëmmen 
ee Konsonant hannendru steet:

an, am, him, op, ob, um, vum, net, dem, der, des, es, en, et, mat

Dat ass och esou bei Virsilben: 

an-, ëm-, ver- , on-, op-, zer- 


A bei importéierte Wierder: 

Bus, Job, Chip

 

 

REEGELEN AN EXERCICEN 


1  2  3  4 


(um Site vum LOD)

arrow

arrow_right

1



RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

Hien ass e Vull fir d’Kaz.
(Riedensaart)
Et gëtt keng Zopp esou waarm giess, ewéi se gekacht gëtt.
(Alain Atten. Sproochmates. Band II. 2013)
Een Af mécht der honnert.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi.1995)
An hues du dir de Leibes emol ze vill voll gestach, Dann huel der Groussmamm hiert aalt Mëttel, eng Brach sicht d’Lach.
(Änder Bausch. Mir dibbere Jéinesch. 2015)
Ei ei ei ei, mir hu gekachte Kéis.
‘t ass ee Genoss, dat schmantegt gielt Gefréiss.
Kéis op enger laanger, laanger Kuuscht.
An en Humpe fir den Duuscht.
Mat Botter drënner, drop e Moschterflapp.
Ei ei ei ei, wéi schmaacht et dann dem Papp.
Mä gitt Uecht, de Kéis ass nëmmen echt, wann e pecht, wann e pecht, wann e pecht.
(Pir Kremer. Gekachte Kéis)
D'Hechtercher aus der Stad, Tipptopp erausgemat;
Hunn si och d'Schoulbicher nach ënnert dem Aarm,
Da ginn si ronderëm d'Hierz och scho waarm;
Vill schéi Versprieche man
A blënzle mat den An,
Sou huet déi Zort et nach ëmmer gemat,
D'Hechtercher aus der Stad.
(Louis Petit. D'Hechtercher aus der Stad. 1965)
Neen déi Schnëss!
O Mamm, o Kanner!
Huet ee scho méi en dommt Gesiicht gesinn?
Esou eng Schnëss
ass dach e Wonner!
O Mamm, o Mamm, wuer geet dat hin?
(Putty Stein. Déi Schnëss! Staark am Soff mee soss net uerg. De Putty Stein a seng beschte Lidder. 1996)
Du schaffs och léiwer mat de Kënnbaken ewéi mat den Hänn
(Pol Tousch. Verhonziklopedi.1995)
O meng Modi, wat e Stodi. Voller Zodi, Josephin.
Ech gesinn dech nach e wéineg
An da ginn ech, Josephin.
(Jean-Pierre Welter. Un der Atert. 1945)