X

Beispiller

 

Huele mer de Fliger oder den Zuch fir eisen Ausfluch?

Huel endlech dee Spigel ewech, e gesäit bëlleg aus an e mécht aus mir e Klautjen

Allerhellege ginn ech mat der Familljen op Nanzeg; do ass et frëndlech an heemeleg a gemittlech, an de Kleeschen ass och schonns do. 

Du kanns net heemlech meng Bréiwer liesen a mer Ligen erzielen. Da’s eng schlecht Gewunnecht

D’Pompjeeën hunn den Ausbroch vum Feier verfollegt an dunn eng Waassermauer geluecht.

 

 g oder ch : wéi am Däitschen, ausser bei Zuch, genuch, Fluch, geluecht

Franséisch -ier, -ille, -illet gëtt -jen oder -jee
Bei typesch lëtzebuergesche Wierder kënnt en -ch.


gg

D’PrinzipPien 

 

Wann am Däitschen g steet an am Lëtzebuergeschen r oder j geschwat gëtt, kënnt och am Lëtzebuergeschen e g

Kugel, Spigel, Vugel, Vigel, Bierger, Dugent, Ligen, logéieren, Allerhellegen, Dag , deeglech, daagsiwwer

De g an den ch stinn ewéi am Däitschen, och wann am Lëtzebuergeschen nach Buschtawen drugehaang ginn:

wéineg, sëlleg, vëlleg, zwanzeg, follegen, siedegen, Priedegt, gepriedegt, verfollegt, en heemelegen Owend (däitsch: heimelig), en heemlegt Déier, en heemleche Geste (däitsch: heimlich), Daach (däitsch: Dach), Lach, Lächer, lächerlech

Ausnam: 

Wann um Enn vum Wuert de Vokal betount ass, da kënnt en ch:

Zuch, Fluch, genuch, Krich, ewech

DʼWuert Fluch an all dʼZesummesetzunge mat dësem Wuertdeel, déi mam Fléien oder Fliger ze dinn hunn, kënnen och mat g geschriwwe ginn:

Fluch // Flug, Fluchticket // Flugticket

Bei Flughafen / Fluchhafen ass d’Variant mam g d’Haaptvariant, well den u do normalerweis laang ausgeschwat gëtt.
Ausfluch gëtt awer ëmmer mat ch geschriwwen.


Bei engem typesch lëtzebuergesche Wuert steet ch

Heemecht, Uelzecht, Gewunnecht

Bei engem onregelméissege Participe passé steet cht: 

leeën, geluecht; denken, geduecht; bréngen, bruecht

E gg gëtt et just bei Wierder, déi mer domat aus anere Sproochen iwwerhuelen: 

Bagger, Bugger, schmuggelen

De j gëtt op verschidde Manéieren ausgeschwat:

  1. Jick, Jippelchen
  2. Januar, jonk
  3. grujeleg, vijenzeg

E -jen oder -jee kënnt vum franséischen -ier, -ille oder -illet:

Familljen, Klautjen (franséisch: cloutier), Pompjee, Fripjen (franséisch: fripier), Giischtjen (franséisch: guichetier)

E -chen ass en Diminutiv

Këndchen, Männchen, Kleeschen, e bësschen, Schäffchen

Mir bleiwe beim verduebelte Konsonant, wann esou eng Endung derbäikënnt: 

Allerhellegen, Dällchen, hallwer

De j gëtt bei e puer Wierder vun ch oder sch ofgeleet: 

eng Piisch, vill Pijen; héich, en héije Bierg; dat Viischt, vijenzeg

 

sch ass meescht e Laut wéi am Däitschen, mee heiansdo ginn den s an den ch getrennt geschwat:

Fiisschen, e bësschen, Haischen, Kleeschen

 

Fir den däitschen -ng hu mer dacks zwou Varianten, -ng oder -nk

Empfang oder Empfank, Gesang oder Gesank, jong oder jonk, Hang oder Hank

 

 

Reegelen an Exercicen


1  2  3


(um Site vum LOD)

sch

arrow

7


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 


Et sinn der vill, déi ëmmer schaffen, an dach ni fäerdeg ginn.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi. 1995)

Hei am Ländche wësse mir nach, wou mer dru sinn. Awer wéi geet et am Ausland?
(Rich Ruppel. Mir kommen an en Ausbildungslager. Eis Jonge ginn agezunn. 2011)
Dofir, dir Buggeren, sollt dir iech emol verléiwen,
da loosst iech Zäit fir d’Moss ze préiwen.
A wann net, an hutt direkt ugebass,
‘t geet muenchmol gutt oder dir sidd fir ëmmer ugeschass.
(Änder Bausch. Mir dibbere Jéinesch. 2015)
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,
Bréng ons Saachen allerhand,
Fir ze kucken, fir ze schmaachen,
Aus dem schéinen Himmelsland.
(Tradionellt Lidd: Willy Goergen. Léiwe Kleeschen)
Wann en Af a e Spigel kuckt, ka keen Apostel erauskucken.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi. 1995)
Ma wat den Här sot, et wor wouer,
well eng Lige seet ni e Paschtouer,
et krut dat braavt Meedche vu Lëntgen,
vum hellege Geescht e klengt Këndchen
(Putty Stein. D'Meedche vu Lëntgen. Staark am Soff mee soss net uerg. De Putty Stein a seng beschte Lidder. 1996)
D’Liewen ass kee Kichelchen
Schreif dat an däi Bichelchen
Schnäiz dech an däin Dichelchen
Well d’Liewen ass kee Kichelchen
(Luc & Michel Guillaume. Dëppegéisser. D'Liewen ass kee Kichelchen. 2016)
Soss hunn d’Kanner beim Heeschegoe gesongen: Loosst déi jong Leit liewen, an déi al Leit stierwen, duerno ass dat ëmgeännert ginn: Loosst déi jong Leit liewen, an déi al Leit derniewent. Et wollt jo keen en Alen an d’Graf sangen. An haut si mer mat e gehäit.
(Jemp Schuster. Et geet elo duer. Haartnol Saeul 2012)
O meng Modi, wat e Stodi. Voller Zodi, Josephin.
Ech gesinn dech nach e wéineg
An da ginn ech, Josephin.
(Jean-Pierre Welter. Un der Atert. 1945)
De Virdeel vu mengem Besuch ass, datt si eng Zäitchen net eleng sinn.
(Tania Naskandy. Mäi Fonds de commerce. Sibiresch Eisebunn. 2009)