X

N

Déi Reegel gëtt och Äifeler Reegel genannt..


Beispiller

 

Deene Leit gi vill Sue verluer, wa mir hinnen da kee Bréif kënne schreiwen, fir se z’informéieren.

Deene Jongen hu mer Suen ugebueden; wann déi se dann zréckginn, brauchen se keen Zëns ze bezuelen.

 

 Den n oder nn um Schluss vum Wuert gëtt just geschriwwen, wann en och gesot gëtt,
dat heescht virun engem Vokal oder virun n-d-t-z-h oder viru Punkt a Komma.


nn

D’PrinzipPien 

 

Den n oder nn um Enn vum Wuert gëtt geschriwwe virun engem Vokal, virun n, d, t, z, h, a viru Sazzeechen : 

den Numm, en Déier, den Tunn, en hallwen Teller, en Job fannen, mäin Hummer, 

den alen Änder, den décken Yves, deen aneren Apel; mäin A; 

dann awer ginn all d’Jongen an den ieweschte Sall; ech wëll kënne liese léieren; wëssen, kënnen, wëllen; wann ech wëll, da kann ech

Déi englesch Buschtawen j an c am Ufank vum Wuert ginn dacks wéi dsch oder ts geschwat, da bleift den n oder nn:

en Job fannen, en Cent ausginn  


Soss gëtt den n oder nn um Enn vum Wuert gewéinlech net geschriwwen:

de Virnumm, e Kallef, de Marc, 

e grousse Becher, de Jean fannen, siwe Frang, mäi Bic, de léiwe Jean-Paul, de klenge Franz, deene meeschte Pijen, mäi Been; 

da gi vill Jongen a Veräiner; ech wëll kënnen anescht liesen; wa Kanner wëlle liesen; se si geschwë fäerdeg

Den n oder nn um Enn vu Substantiven oder Nimm gëtt awer geschriwwen a fält net ënnert d’n-Reegel:

d’Reunioun gëtt gehal, ech hu mer de Kënn raséiert, d’Léierin gesinn, d’Maschinn flécken, an Ungarn reesen

AUSNAM: Wann hannen -en steet, dann zielt d’n-Reegel, da fält den n awer ewech:

d’Meedche() ka muer de Moie() kommen

Bei de Substantiven op -äin an op -een ass d’Ewechloosse vum n fakultativ:

de Wäi gëtt geschwë gedronk, e Schwäi schluechten, Latäi léieren
de Wäin gëtt geschwë gedronk, e Schwäin schluechten, Latäin léieren

d’Bee wéi hunn, duerch de Ree lafen, e Stee geheien
d’Been wéi hunn, duerch de Reen lafen, e Steen geheien


Ausnam: Bei verschiddenen Zesummesetzunge gëtt et just d’Form ouni n:

schwäiwëll, Wäifläsch, Wäiglas, Wäibau
Reemantel, Steekaul, Steekoup, Steemetzer

 

Den n bei geografeschen Nimm fält just ewech bei Nimm, déi mat -en ophalen:

an Asie wunnen, an Italie fueren, an Norwege goen, um Schwaarze Mier, a Schwede fueren, Spuenierees an d’Alpe goen, d’Appalache kennen, an de Pyrenäe wanderen, de lëtzebuergeschen Deel vun den Ardenne gëtt als Éislek bezeechent


Bei Nimm vun Uertschaften a Stied kann den n och stoe bleiwen:

zu Lëntge brennt et / zu Lëntgen brennt et
zu Néngse schéngt d’Sonn / zu Néngsen schéngt d’Sonn
op Münche fueren / op München fueren


Wa virum n an der Endung keen e steet, bleift den n erhalen:

London war ëmmer d’Haaptstad vun England. Zu Berlin lieft et sech gutt.



Reegelen an Exercicen


1 2 3


(um Site vum LOD)

arrow

8


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

Dreckskëscht, lauschter no, ech soen der elo eppes, wat s de kengem däerfs weiderverzielen. Oder neen, ech sangen der et. Dann héiert et sech nach besser un. A wat da geschitt, ass mir egal. Ech fleeten drop.
(Jemp Schuster. De Fleetebam, 1999)

An d’Kanner loossen hire Kaffi ston, Fir deene schéinen Hämmel nozegon,
(Michel Lentz. D’Schuebermëss. Spaass an Ierscht, 1873)
Et wor e Meedche vu Gëtzen, oho!
Mat Aen ewéi feiereg Blëtzen, oho!
't wollt alle Männer gefalen,
fir mat senge Freier ze bralen, oho! oho!
't huet nëmme gedanzt a gesprongen, oho!
Gekickelt, gerolzt a gesongen, oho!
(Max Goergen. D'Meedche vu GëtzeN)
Et wor eemol e Kanonéier,
E louch do uewen op der RumM,
Méi schéi wor nach kee Grenadéier,
A Gottlieb Hurra wor säin Numm.
(Dicks. D'Mumm Séis oder De Geescht. 1856)
Ech hu sou gär, wann den Händi
a menger Täsch
ufänkt
Musek ze maachen
Roger Manderscheid. Tëlefonitis.
(D’Magali flitt an den Himmel. 2001)

Ech hu léiwer Cola, Döner, puer Béier an eng Pizza, Mëllech, Mëtschen an dat Ganzt dann an de Mixer
(Tommek. Vitaminnentherapie. 201)
Wollt déi kleng Zatz net eventuell mam Feier spillen? A wee ka scho mat Sécherheet soen, ob déi BëssspuEren am Rotkäppchen sengem Hals Deel ware vun enger Aggressioun oder net awer éischter vun engem zwiliichtege sexuelle Spillchen?
(Nobody fucks with the Rotkäppchen.
Claudine Muno. Fabula Rasa. Hydre éditions, 2013)

Dee mat de groussen Hënn wëllt pisse goen, muss d’Been héich ophiewen.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi. 1995)
Exame sinn am Fong geholl jo näischt anescht ewéi Poker. Et geet dorëm, an de richtege Momenter déi richteg Kaarten auszespillen an an anere Momenter ze bluffen.
(Luc Belling. An elo mol ... op Lloret! 2016)