X

r

Beispiller

 

Ech iere mech net, du iers dech.

De Fliger, dee lant, kënnt vu Paräis.

Ech ootmen déif a molen, hien otemt déif a moolt.

 

D’Verbforme respektéieren d’Reegel vun der Verduebelung vum Vokal viru méi Konsonanten
d’Reegel vum i, u, ä virum r an d’Reegel vum Konsonant um Enn vum Wuert.


i

 

D’PrinzipPien 

 

D’Verbforme baséieren op der Infinitiv-Form, mee si respektéiere prioritär 

  • d’Reegel vun der Verduebelung viru méi Konsonanten;
  • d’Reegel vum i, u, ä virum r;
  • d’Reegel vum Konsonant um Enn vum Wuert: t, p oder f, ausser bei: dir sidd

 

ginn: ech ginn, du gëss, hie gëtt, ech hu ginn

goen: ech ginn, du gees, hie geet, ech si gaang

halen: ech halen, du häls, hien hält, ech hu gehalen

hunn: ech hunn, du hues, hien huet, ech hu gehat

ieren: ech iere mech, du iers dech, hien iert sech, ech hu mech geiert

landen: ech landen, du lants, hie lant, ech si gelant

leeden: ech leeden, du leets, hie leet, ech hu geleet

molen: ech molen, du mools, hie moolt, ech hu gemoolt

ootmen: ech ootmen, du otems, hien otemt, ech hu geotemt

sinn: ech sinn, du bass, hien ass, ech si gewiescht

trieden: ech trieden, du trtts, hien trëtt, ech hu getrueden

wëllen: ech wëll, du wëlls, hie wëllt, mir wëllen, ech hu gewollt

wëssen: ech weess, du weess, hie weess, ech hu gewosst

wuessen: ech wuessen, du wiiss, hie wiisst, ech si gewuess

 

 

 

Reegelen

 

1  2

 

 

(um Site vum LOD)

 

 

arrow

9


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

Du schléis dran ewéi d’Sau an de Weessbräi.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi. 1995)
„Dat dote gëllt net”, jäizt d’Rotkäppchen, „du solls net mäi Kuch friessen, mee d’Bomi.” De Wollef erféiert.
(Roger Seimetz. Dem Wollef seng Geschicht.
Vu Wëllef, Afen, Quetschen a Kanner. Aktioun Lëtzebuergesch. 1985)

Du woors eng Éiwegkeet fort; schonn eleng eng Woch ass fir mech ouni dech eng Éiwegkeet ...
(Pol Greisch. Blues. D’Sonnesäit. 2009)
Hal d’Sabbel!
Hal d’Schnëss!
Hal keng Ried!
Haalt de Bak! Schwätzt kee Blech!
(Pol Tousch. Verhonziklopedi. 1995)
Meedchen, du richs, du richs esou gutt. 't ass reng zum Stierwen, sou richs de gutt. Looss mech dech richen, 't deet mer sou gutt
(Putty Stein. Meedchen, du richs. Staark am Soff mee soss net uerg. De Putty Stein a seng beschte Lidder. 1996)
Hie léisst sech net huelen.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi. 1995)
Et ass e richtege Fréijoersdag,
e Fréijoer, wéi et eis gefält.
De Radio, dee verschäisst dann d’Saach,
hien huet fir muer nees Schnéi gemellt.
(Pol Pütz. Fréijoer. Wou d’Uelzecht. 1995)
Maach däin Häerz op an du fënns däi Wee, Well och eng kal Welt huet Plaz fir Frëndlechkeet
(T the Boss (feat. TH). E bësse Léift. Ëmmer nach Ech. 2016)
Wirsch! O Wirsch! Wat hues de Wueden,
Wirsch, esou eppes ass verbueden.
Du weess et, wéi dat an ee krécht,
Wéi dat een esou dës Däiwels mécht.
Putty Stein. Dem Wirsch seng Wueden.
Staark am Soff mee soss net uerg. De Putty Stein a seng beschte Lidder. 1996)
Du säifs ewéi eng Onk. Hie säift ewéi e Biischtebënner. E säift ewéi e Lach. En huet eng dréche Liewer.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi. 1995)