X

Beispiller

 

Ech ginn akafen a ginn dir dann e Stéck Schockela.

Hie freet sech op den Theater a freet sech, wéini datt et ugeet.

Wann dee Bouf virun esou seet, da seet säi Papp him watgelift.

Hien zielt, datt hie seng Kanner gutt zillt an dobäi op eng gesonnd Educatioun ziilt.

Da setzt iech a passt op, datt der gutt sëtzt.

 

 Vill Verbforme kléngen oder schreiwen sech d’selwecht oder bal d’selwecht;
just de Kontext erlaabt et, se z’ënnerscheeden.

D'PrinzipPien

 

Am Lëtzebuergesche kënnt et dacks vir, datt verschidde Verben déi selwecht oder bal déi selwecht Formen hunn, déi ee just duerch de Kontext ënnerscheet kritt:


  • goen: ech ginn, du gees, hie geet, ech si gaang
  • ginn: ech ginn, du gëss, hie gëtt, ech hu ginn

  • spannen: ech spannen, du spënns, hie spënnt, ech hu gesponnen
  • spanen: ech spanen, du spaans, hie spaant, ech hu gespaant

  • falen: ech falen, du fäls, hie fält, ech si gefall
  • falen: ech falen, du faals, hie faalt, ech hu gefaalt

  • halen: ech halen, du häls, hien hält, ech hu gehalen
  • huelen: ech huelen, du hëls, hien hëlt, ech hu geholl

  • soen: ech soen, du sees, hie seet, ech hu gesot
  • seeën: ech seeën, du sees, hie seet, ech hu geseet

  • sech froen: ech froe mech, du frees dech, hie freet sech, ech hu mech gefrot
  • sech freeën: ech freeë mech, du frees dech, hie freet sech, ech hu mech gefreet

  • leeden: ech leeden, du leets, hie leet, mir leeden, dir leet, si leeden, ech hu geleet
  • leiden: ech leiden, du leits, hie leit, mir leiden, dir leit, si leiden, ech hu geleit
  • léiden: ech léiden, du léits, hie léit, mir léiden, dir léit, si léiden, ech hu geléit

  • (sech) setzen: ech setzen, du setz, hie setzt, ech hu (mech) gesat
  • sëtzen: ech sëtzen, du sëtz, hie sëtzt, ech souz (ech hu gesiess)

  • zielen: ech zielen, du ziels, hien zielt, ech hu gezielt
  • zilen: ech zilen, du ziils, hien ziilt, ech hu geziilt
  • zillen: ech zillen, du zills, hien zillt, ech hu gezillt

  • spieren: ech spieren, du spiers, hie spiert, ech hu gespuert
  • spueren: ech spueren, du spuers, hie spuert, ech hu gespuert

  • kennen: ech kennen, du kenns, hie kennt, ech hu kannt
  • kënnen: ech kann, du kanns, hie kann, ech hu konnt
  • kommen: ech kommen, du kënns, hie kënnt, ech si komm

arrow

10


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

En ass iwwert d’Ouere gehae ginn.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi. 1995)
Ech hu meng Gedanke mol nogezielt.
Et sinn der 123 645.
Dunn hunn ech ee Gedanken ausgewielt.
Well en einfach a komplizéiert ass.
En heescht einfach:
DU.
Ganz komplizéiert:
Du.
(Guy Rewenig. Verknallt. Zabbazillo. 1998)
Wat de Bauer net kennt, dat frësst en net.
(Riedensaart)

Kënns de net haut, da kënns de muer.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi. 1995)

Endlech ukomm, en neit Kapitel gëtt geschriwwen En Haus an enger Cité, wou d’Kanner nach kënnen op der Strooss spillen
(Corbi feat. Cico. De gudden Drot. 2014)
Deen näischt Gescheites vu sech weess, verzielt vun aneren.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi. 1995)

Héieresoen ass hallef gelunn.
(Riedensaart)
Kennt dir d'Lidd vum aarmen, aarme Jang
't reimt sech meeschtendeels mat Rang a Frang,
an de Commis séngt et an den Här,
't ass dat Lidd, dat Lidd vum Fonctionnaire.
(Putty Stein. Den aarme Jang. Staark am Soff mee soss net uerg. De Putty Stein a seng beschte Lidder. 1996)
Hien huet nach keemools kengem näischt fir näischt ginn.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi.1995)
Wou näischt ass, kënnt och näischt hin.
(Riedensaart)