X

Beispiller

 

Ech kéim séier an ech géing dat séier maachen a géif der hëllefen, wann ech Zäit hätt.

Mir louchen um Canapé an haten eis just gesat, wéi hie koum.

  • Ech kéim = ech géif kommen = ech géing kommen
  • Mir louchen um Canapée = mir haten eis op de Canapée geluecht

 

 Et gëtt dacks verschidde Forme vum Imparfait an/oder vum Conditionnel,
ouni Ënnerscheed an der Bedeitung.

hat

D'PrinzipPien

 

Verschidde Verben hunn eng eege Form fir den Imparfait an/oder de Conditionnel, déi dacks mat den Diphthongen éi oder ou forméiert gëtt:



Imparfait
Conditionnel
hunn: ech hat ech hätt
sinn: ech war ech wier
bleiwen: ech blouf ech bléif
brauchen: ech bräicht
doen = dinn: ech doung ech déing
ginn: ech gouf ech géif
goen: ech goung ech géing
hänken: ech houng ech héing
kënnen: ech konnt ech kéint
kommen: ech koum ech kéim
leien: ech louch (loung) ech léich
mussen: ech misst
sëtzen: ech souz ech séiz
soen: ech sot
sollen: ech sollt
stoen: ech stoung ech stéing
wëllen: ech wollt ech wéilt
wëssen: ech wousst ech wéisst

Wa keng Form fir den Imparfait do ass, da gëtt de Participe passé geholl, mat den Hëllefsverben „hunn“ oder „sinn“, jee no Verb. Et gëtt meeschtens keen Ënnerscheed am sproochleche Gebrauch vun Imparfait a Passé composé.

Verschidde Forme si vereelzt a gi kaum nach gebraucht:

  • maachen, ech mouch, ech méich; iessen, ech ouss, ech éiss

Et gëtt och regional Ënnerscheeder:

  • ech géing = ech ging, ech géif = ech gif

De Passé composé vu sëtzen ass kaum am Gebrauch, do gëtt den Imparfait geholl:

  • ech souz, mir souzen

Meeschtens ass de Participe passé mat engem ge virdrun:

  • gespillt, gelaacht, gefrot, geschlof, gejaut, gelant, geleeën, gelunn, geluecht, geléit (vun: léiden), gelidden (vun: leiden), geleet (vun: leeden), gesiess, gesat, gezielt, geziilt, gezillt, gehat, gewiescht

Eventuell muss en Treema op den e kommen:

  • gëeelzt, gëeekelt

Bei Verbe mat engem Prefix steet de ge bannendran :

  • opgemaach, ugedoen


Et gëtt eng Partie onreegelméisseg Forme beim Participe passé:

  • komm, bruecht, bliwwen, kaaft, konnt, gaang(en)
  • besicht, erzielt, studéiert, blaméiert, liéiert

D’Hëllefsverb vum Participe passé ass meeschtens hunn; et ass ëmmer hunn bei transitive Verben:

  • ech hu giess, gekuckt, gemaach, gedoen (gedinn)

D’Hëllefsverb vum Participe passé ass dacks sinn, wann et ëm Bewegung geet:

  • ech si gaang, komm, gelaf, geklommen, geschwommen, gefall, gesprongen

De Conditionnel ka mat zwee Hëllefsverbe gebilt ginn, ouni en Ënnerscheed am Sënn: géif, géifen vum Verb ginn oder géing, géingen vum Verb goen:

  • ech géif kommen, ech géing kommen, ech kéim
  • mir géife gär kommen, mir géinge gär kommen, mir kéimen

De Conditionnel kënnt no wann an och no wéi wann a bei der indirekter Ried:

  • E mécht, wéi wann e mech net géif kennen.
  • Wann dat wouer wier, da géif ech menger Wee goen.
  • Hie seet, et géif schneien dobaussen.

Mat hätt gëtt e Wonsch ausgedréckt:

  • Ech hätt gär e Pättchen, wannechgelift.

D‘Hëllefsverb wäerten dréckt e Wonsch aus, en Zweiwel oder eng Menace, et kritt ëmmer en äe:

  • Ech wäert dir et soen!
  • Du wäerts jo kommen?
  • Dat wäert jo alt klappen.

hätt

arrow

11


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 


Du wäerts mech nach kenne léieren.
(Verhonziklopedi. Pol Tousch. 1995)
Roum gouf net an engem Dag gebaut.
(Riedensaart)
Am léifsten hätt hien de Polizist gutt vernannt. Mee dat notzt och näischt.
(Pol Pütz. E Muerd am Gréngewald. Walfer Bicherdeeg,
D’Messer am Réck. Eng Krimi-Anthologie. 2006)
Deen ze fréi geködelt huet,
Gouf nach kees ze spéit bestuet
(Auguste Liesch. Allerhand. 1947)
Dat geséiche mer dann emol gier.
(Dicks. De Scholtschäin. Koméidisstéck an engem Akt. 1856)

pinnocchio: e klengen, schwaarze pinnocchio, ging ech haut soen.
(Roger Manderscheid. Schacko Klak. Biller aus der Kandheet (1935-1945). 1988)
Wéi goung et?
(Ry Boissaux. De Vullenzirk am Wantergaart. 1954)
D'Thea Lützelmann huet an där Vakanz vill d’Aen zougemaach, fir dass keen hatt sollt gesinn.
Claudine Muno. Frigo. 2003
Waart dir Männercher! Iech wäert ech de Geck nach verdreiwen.
(Wëllem (Guillaume) Weis: Bib. Eng Seeche vum Wëllem Weis. Fir d'LËtzebuerger Kanner. 1945)
Géi roueg, dat wäert scho goen.
(Will Reuland. De Jempi. Jugenderënnerongen. 1964)