X

Beispiller

 

Ech hu mer e chicke Bijou kaaft, fir an den Theater ze goen. Mäin eprouvéierte Portmonni huet e seriöe Schock kritt.

 

 Verschidde Wierder gi wéi am Franséische geschriwwen a kënnen eng lëtzebuergesch Endung kréien.
Aner Wierder hunn eng lëtzebuergesch Schreifweis kritt. Dacks ass béides méiglech.

D'PrinzipPien

 

Déi franséisch Wierder sinn ënnerschiddlech gutt an d’Lëtzebuergescht integréiert.

Verschidde franséisch Wierder ginn onverännert iwwerholl, mee Substantive gi groussgeschriwwen:

  • Besoin, Bijou, Congé, Dictionnaire, Ficelle, Soupçon, Poubelle, Trottoir

Aner franséisch Wierder kréien eng lëtzebuergesch Endung drugehaang:

  • Chamber, Coiffer, Combel, Ensembel, Member, Natioun, soupçonnéieren, Timber

Da gëtt et franséisch Wierder, déi ganz agebiergert sinn:

  • Bëtong, Fritten, Jelli, Kaffi, Kalzong, Klautjen, mee, Pressessioun, prett sinn, Rampli, Schock, Tëlee, Vëlo, Zooss, Zoossiss

Dacks huet een d’Wiel:

  • Keessjee / Caissier, schick / chic

Eenzel franséisch Grafien (virun allem déi mam stommen e hannen) sinn elo net méi zougelooss:

  • Annex, Bott, Pist, Pompjee (an net méi Annexe, Botte, Piste, Pompier)
Den Accent aigu um é bleift, wann en hannen am Wuert steet :
  • Congé, Lycée, Musée

Den Accent aigu um é vir am Wuert gëtt ewechgelooss, mee den e gëtt net verduebelt:

  • Debat, Decisioun, Echec, reell, Reunioun

Bei Expressiounen, déi ganz iwwerholl ginn, bleift den Accent aigu:

  • En Délit de grande vitesse

Den Accent grave an den Hittche bleiwen:

  • Barrière, Progrès, Succès
  • Boîte, Enquête, enquêtéieren, Gêne (mee: genéieren), Piqûre,

Zesummegesate Begrëffer ginn tel quel iwwerholl: d’Assemblée générale, e Chargé de cours

Gemëscht zesummegesate Begrëffer gi mat Bindestréch geschriwwen; wann en s wéinst der Aussprooch derbäikënnt, gëtt deen un d’Wuert ugehaang:

  • Saumon-fumés-Schnittchen, Lycées-Direkter, Sécurité-sociales-Kaart

Bei Adjektive maache mer eng lëtzebuergesch Endung drun, wann et néideg ass:

  • e chicke Schal, e chict Kleed, eng charmant Dame, e beigen Hutt, e beigë Mantel, eng beige Jupp, e beiget Hiem, en efficacet Mëttel

Bei internationale Wierder orientéiere mer äis éischter um Däitschen:

  • Hotel, Theater, Diplom, Thermometer, Delfin, Foto

 



REEGELEN AN EXERCICEN


1   2   3   4  


(um Site vum LOD)

avion

arrow

12


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

An du, Klengen, du stells dech heihinner. Géi sich däi Berri, séier. Roueg stoe bleiwen. Net wibbelen. A laachen.
(Roger Manderscheid. Et gëtt eng Foto gemaach)
Fiéiert iech un d’Galanterie vun engem Jeune homme, dee mat enger amoureuser Anxietéit de Moment suprême erwaart, wou en Iech an engem delicieusen Tête-à-tête d’Sentimenter, déi säi blesséiert Hierz mélancoliquement oppresséieren, ouni Zeie librement expriméiere kann.
(Dicks. Koseng Ficelle. D’Kiermesgäscht. 1986)
Dee Schreck vun de Bomen, wéi se hinnen d’Posch vun der Schëller gerappt hunn. Einfach genial!
(Josiane Kartheiser. Wie wëllt en Handy? De Marc hätt gär PaAngecher. Texter op Däitsch an op Lëtzebuergesch. 2005)
Dem Schneewittche war virun allem zum Verhängnis ginn, dass ee Gendaarm op den éischte Bléck dem Meedche seng laang eebenholzfaarweg Hoer mat enger Burka verwiesselt hat.
(Claudine Muno. Nobody fucks with the Rotkäppchen. Fabula Rasa. 2013 Claudine Muno)
De Jangli fiert den Houwald erop
O wär hie gutt douewen op der Hesper Kopp.
D'Maschinn wackelt iwWert d'Schinnen dohin.
Vun elauter Damp kënnt dir net méi ganz vill gesinn.
(Colette a Fernand Wark. De Jangli fiert den Houwald erop. 1951)
äddi a bon voyage
ech sinn op der belscher plaasch
(Serge Tonnar. Belsch Plaasch. 2011)
Et huet gekrasch an et sot zu mir: „Ech hunn däi Portefeuille net gestuel.”
Duerch d’Gewulls am héije Gras hätt ech de Portefeuille vläicht verluer.
Neen, ech hat en net verluer, a meng Täsch ass hatt gefuer.
Et sot zu mir: „Ech hunn en am Grapp!”
An duerch de Portefeuille gouf ech Papp
(Änder Bausch. Mir dibbere Jéinesch. 2015)
En décke Rondel Zoossisswupp
Deen hunn ech bei der Bom geschuppt
Eng Knaus a Mayonnaise derbäi
Ass besser wéi all Huewerbräi
(Luc Guillaume. Dëppegéisser. Lausbouwentricken. 2015)
Säin Diwwi ass mat frieme Plomme gefëllt: Hien huet nach näischt Eegenes hikritt.
(Guy Rewenig. Häwwi! Lëtzebuerger Leckzikon. 2013)