X

en

Beispiller

 

Hei ass Chancëgläichheet, jiddwereen huet déi selwecht Chancen an all Servicer an Administratiounen hale sech drun.

D’Enseignanteë gi wéi d’Enseignantë bezuelt, Clientë wéi Clienteë si wëllkomm.

Ech hu Saumon-fumés-Schnittercher mat Petit-beurrë giess a verschidde Juse gedronk.

Meng Schong hunn déi schéi Faarf bordeaux;
ech gi gär mat menge bordoosse Schong
d’Cités-Promenadë vun de grousse Stied maachen.

D’Accent-aiguë gi meeschtens net geschriwwen, mee d’Accent-gravë gi geschriwwen.

 

 Den en oder just en n fir de Plural gëtt ugehaang;
den Treema hannen um ë kënnt, fir Verwiesselungen auszeschléissen.
Zesummegesate Wierder gi mat Bindestréch geschriwwen.

n

D'PrinziPpien

 

Mir hänke meeschtens déi lëtzebuergesch Endung einfach un de franséische Singular drun:

  • Abusen, Camionen, Dossieren, Projeten, Jusen, Bouqueten, Devisen (Plural vun Devis), Couren (um Geriicht), Coursen (an der Schoul)

Wann de Singular mat e ophält, kënnt meeschtens einfach n drun; wann da wéinst der n-Reegel deen n ewechfält, da kënnt hannen ë, wéinst der Betounung a fir datt et keng Verwiesselung gëtt:

  • d’Poubellen, d’Poubellë fëllen; eng Poubelle fëllen, Chancëgläichheet, Kopië maachen, d’Avenuë vu Paräis, d’Toilettë botzen

Wann de Singular mat <ée> ophält, kënnt <ën> drun:

  • Muséeën, Lycéeën, Employéeën

Och wann een eppes ka verwiesselen, gëtt am Plural un den e hannen den ën ugehaang:

  • Eng Enseignante, Enseignanteën, am Ënnerscheed zu: en Enseignant, Enseignanten
  • Mir hunn Enseignanteë gesicht an Enseignantë fonnt
  • Eng Cliente, Clienteën
  • Eng Devise, Deviseën
  • Eng Chargée, Chargéeën; mir hu Chargéeë gesicht a Chargéë fonnt

Hanne gëtt dacks de Konsonant verduebelt:

  • Kricken, Flicken, Agraffen, Finallen, Hoteller, Dammen, Sardinnen, Equippen, Courssen

Bei verschiddene Wierder gëtt am Plural, oder an der Deklinatioun, déi lëtzebuergesch Form geholl:

  • ee Coup, vill Ki, een Tour lafen, zwee Tier lafen (mee: en Auto kënnt op Touren), meng Schong hunn d’Faarf bordeaux, mat menge bordoosse Schong

De Plural vun zesummegesate franséische Wierder oder franséisch-lëtzebuergesche Kombinatioune gëtt ëmmer mat Trait d’union geschriwwen, och wann am Franséischen (an also och am lëtzebuergesche Singular) kee steet.

Den s fir de franséische Plural gëtt net geschriwwen; et kënnt just dann en s, wann d’Aussprooch et verlaangt:

  • d’Saumon-fumés-Schnittercher, d’Lycées-Direkteren, d’Sens-uniquen, d’Comités-Memberen
  • d’Chargé-de-coursen, ee Chargé de cours; d’Comité-directeuren, ee Comité directeur
  • en huet a vill Assemblée-généralle misse goen; eng Assemblée générale

Bei englesche Wierder gëtt no deene selwechte Prinzippie gekuckt:

  • Club, Clibb, Clippercher;
  • Slip, Slippen;
  • Football, Futtball, Fussball, Foussball

 

REEGELEN AN EXERCICEN


1   2   3   4   5   6   7   8  


(um Site vum LOD)

arrow

13


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

„Dat ass eng eemoleg Reklamm!”, laacht dem Jill seng Mamm. „De Schmierkéis Schmorri mat Crevettë kascht elo dräi Méint laang vill méi bëlleg.”
(Guy Rewenig. Schmorri. Palazzo Matrazzi. 1998)

Si mengt bestëmmt, hie géif vu Playboy-Mossen dreemen, mä Dreeme wäert dach wuel nach erlaabt sinn
(Cathy Clement. Catherine, ech sinn esou glécklech. Bleiwen, wat mer ginn. 2011)
Et kann een Hären an och Dammen
gesinn op Still a Bänke klammen
(Auguste Liesch. Allerhand. 1947)
D’Hänn, déi mech upake wéi e Schraufstack, wéi Handwierksgeschier, Maschinnen.
(Georges Hausemer. Kuerzgeschichten.
(Eis Sprooch, Extraserie Nr. 7). 1986)
Vill Kanner kéime réischt mi spéit zou sech, a wann een e virdrun all Chancë géif huelen, da géifen s'engem dat herno mat Recht virgeheien.
(Josy Braun. Ech gi menger Wee. Erzielung. 1978)
D’Kanner sinn d’Clientë vu muer.
(Stëmm vun der Strooss (Hg.): Interview mam Fausti.
Stëmm vun der Strooss 71)
Leit mat enger Behënnerung hunn et schwéier, eng Aarbecht ze fannen, a sinn dacks mat Virurteeler an Diskriminatiounen um Aarbechtsmarché konfrontéiert. Fir déi Situatioun ze verbesseren, hunn d’Gewerkschaften an den Daachverband vun den Entreprisen (UEL) sech an enger Charta engagéiert, d’Chancëgläichheet fir Leit mat engem Handicap um Aarbechtsmaart ze fërderen. Dës Initiativ gouf op enger Konferenz an der Chambre de Commerce thematiséiert.
(Pierre Reyland. Radio 100,7. 21.4.2016. 15:14 Auer)
[…] dat ass, dass mer een Automobilist haten, deen an engem Dag zwee Délits-de-grande-vitessen hat. A mir hunn een Automobilist gehat, deen huet et fäerdegbruecht, an engem Dag zéngmol geflasht ze ginn!
(Etienne Schneider. Chambre des Députés. 20.04.2016)
O meng Modi, wat e Stodi. Voller Zodi, Josephin.
Ech gesinn dech nach e wéineg
An da ginn ech, Josephin.
(Jean-Pierre Welter. Un der Atert. 1945)