X

s

Beispiller

 

t ass kal, das awer net schlëmm, kënns diesse bei eis?

De Mupp sëtzt ënnert engem Dësch an d’Kaz widdert engem Schaf.

Wann s de n e baussent dem Haus gesäis, da frees de n en,
ob s de n e kanns mathuelen a wat fir en Auto s de solls huelen.

 

Den Apostroph steet fir e Buschtaf, deen ewechfält.

Den n oder den s, déi verbannen, sti fir sech eleng.

Bei baussen, ënner, hanner, widder gëtt den t ugehaang.

't

D'PrinzipPien

 

Den Apostroph steet beim bestëmmten Artikel, bei weiblechen a sächleche Substantiven, an am Plural:

  • d’Aarbecht, d’Fra, d’Haus, d’Saach, d’Männer

An der Ëmgangssprooch, déi siele geschriwwe gëtt, ersetzt den Apostroph ee Buschtaf oder méi Buschstawen, déi ewechfalen:

  • hues d’et gesinn, kënns d’iessen, fir dat z’erliewen. Hues de s’all gesinn?
  • ’t ass kal, ’t geet, ’t muss sinn, da’s awer schéin

E Verbindungs-s oder -n steet eleng:

  • Datt s du et weess, deem s du et sees, ob s de kënns, wann s de wëlls, wat fir e Brëll s de ophues.
  • Hues de n e kannt?
    • Amplaz: Hues du e kannt?
  • Wéi se n e gesinn hunn, hunn se n em Moie gesot (oder hunn s’em Moie gesot).
    • Amplaz: Wéi si e gesinn hunn, hu si him Moie gesot.
  • Wann s de n e gesäis, frees de n en, ob s de n e kanns mathuelen.
    • Amplaz: Wann s du e gesäis, frees du en, ob s du e kanns mathuelen.

Mee et dierf een de Verbindungs-s net verwiessele mat engem s, deen um Wuert drunhänkt:

  • Wéi béis de bass! Weess de, wéi eng Box en huet? Wëlls d’eppes? Do iers de dech, ier s de dech ëmsinn hues.

Bei bannen, baussen, ënner, hanner, niewen, iwwer, tëschen, uechter, widder kann en ugehaang ginn:

  • baussen der Stad, bannen dem Haus, ënner dem Dësch, hanner dem Bam, widder dem Schaf
  • baussent der Stad, bannent dem Haus, ënnert dem Dësch, hannert dem Bam, widdert dem Schaf

Beim Schwätze gëtt dacks zesummegezunn:

  • ënnerem Dësch, hannerem Bam, widderem Schaf


REEGELEN AN EXERCICEN


1


(um Site vum LOD)

arrow

1


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

‘t ass fir ze vrecken. ‘t ass, fir haart ze laachen.
(Verhonziklopedi. Pol Tousch. 1995)
Maja, 't gouf Baurenträipen,
't gouf Liewerkniddlen, Kuddelfleck an och Gehäcks.
Duerno, fir de Mo ze stäipen,
en Huesenziwwi, Fierkelsjelli gouf zu vrecks.
Duerno, gouf et Gaardebounen,
Judd, Quetschentaart, gekachte Kéis a Bouneschlupp.
Souguer gouf'n et Melounen, echt Kaffisbounen,
an en Zoossisswupp.
(Traditionell: Lëtzebuerger SpezialitéiT)
Meng Kanner sinn aus Bakelit
Ech hu s’am Supermarché kritt.
Dräi Stéck an enger grousser Këscht.
Déi Kanner maache guer keng Mëscht.
(Guy Rewenig. Dem Här Schlaraff säin Dram
vun der automatescher Welt. Ballo Farfallo. 2003.)
Et war esou ëm Päischten,
‘t stoung alles an der Bléi,
an d’Villercher, déi songen
hir Lidder spéit a fréi.
Du rifft de Léiw, de Kinnek,
all Déier op e FesT
am Gréngewald zesummen,
an ‘t koumen all seng Best.
(Michel Rodange. De ReEnert. Editioun vuN 1995)
Wann s du e Lëtzebuerger bass,
schwätz nëmmen net vun denger Rass,
Well du bass dach, trotz dengem Pass,
e Mitschmatsch éischter Klass.
(Pir Kremer. Wie mengs de, dass de bass? Méi wéi honnert Pärelen. 1994)
Seng Al, déi ass gestrafft ginn, ‘t gesäit emol esou aus Si kritt all Mount hir Sprëtzen, den Dokter kënnt an d’Haus
(Dëppegéisser. D’Geld regéiert d’Welt. 2012)
Ech weess, datt et aus ass
Ech weess, 't ass verbäi.
't ass dat éiwegt aalt Lidd
An dach ëmmer nees nei.

(Putty Stein. Ech weess datt et aus ass.
Staark am Soff mee soss net uerg. De Putty Stein a seng beschte Lidder. 1996)

Si hunn d'viischt Dier gespaart an d'Lueden zougemaach an si gongen net méi baussent d’Haus, an si hunn och kee méi eragelooss.
(Pe'l Schlechter, D'Wiirtshaus zou den Dräi Bichen.
Kuerzgeschichten (Eis Sprooch, Extraserie Nr. 7). 1986)
Wa se bis bannent dem Gebai sinn, zerfuppe se sEch wéi déi Wëll.
(Guy Rewenig. Mass mat dräi Hären, 1993 [1989])