X

mer

Beispiller

 

Meng gréng Steng si gedréchent  an se hu sech verfierft.

Mir hunn dir et gesot; et ass mir net kloer, wéi s de eis net konns nolauschteren.

Si huet dir nogelauschtert,
wéi s du si alleguer vernannt hues: „Dir hutt net Recht!”

 

 Personal- a Possessivpronome kréie keen Accent aigu.
Vill Personalpronomen hunn eng betounte Form: „mir, du”, an eng onbetounte Form: „mer, de”.
Muench Personalpronome sti fir verschidde Bedeitungen.

mir

D'PrinzipPien

 

Num.
Pers.
Genus
Nominativ
Akkusativ
Dativ
Sg. 1. - ech mech mir / mer
2. - du / de dech dir / der
3. mask. hien / en him / em
neutr. hatt / et / 't
fem. si / se hir / er
PI. 1. - mir / mer eis~ons
2. - dir / der iech
3. - si / se hinnen / (en)

Aus: Döhmer, Caroline (2016): Formenbestand und strukturelle Asymmetrien der luxemburgischen Personalpronomen. In: Speyer, Augustin / Rauth, Philipp (Hg.): Syntax aus Saarbrücker Sicht I (Zeitschrift für Dialektologie und Linguistik, Beihefte. 165). Stuttgart: Steiner Verlag, 15-38, liicht vereinfacht mam Accord vun der Madamm Döhmer.

Vun deene meeschte Personalpronome gëtt et eng onbetounte Versioun.

  • Betount: ech, du, hien/si/hatt, mir, dir, si
  • Onbetount: ech, de, en/se/et, mer, der, se

Beim Personalpronome gëtt keen Accent op den e gesat, och net wann dee wéi é geschwat gëtt:

  • bréng meng Saachen,
  • kanns de dech bécken,
  • hie stréckt sech seng Schongstréckelen

Et gëtt am Lëtzebuergeschen déi dräi Genrë männlech, weiblech, sächlech:

  • de Mann, d’Männer, e Mann, Männer; den Numm, d’Nimm, en Numm, Nimm
  • d’Duechter, d’Diechter, eng Duechter, Diechter
  • d’Meedchen, d’Meedercher, e Meedchen, Meedercher; d’Haus, d’Haiser, en Haus, Haiser

Am Lëtzebuergeschen ass et wéi am Däitschen: De Possessivpronome variéiert mam Possessor a mam Possessum

Am Franséischen hänken d’Possessivpronomen just vun deem of, wat zu engem gehéiert, dem Possessum: son fils, sa fille, egal ob et de Papp oder d’Mamm ass, déi dat seet. Am Engleschen hänken se just un deem, zu deem eppes gehéiert, dem Possessor: his son & his girl beim Papp, her son & her girl bei der Mamm.

Wann een eng Possessioun ausdréckt (e Besëtzverhältnis), muss also op de Genre (d’Geschlecht) vum Possessor an op dee vum Possessum opgepasst ginn. Am Plural gëtt deen Ënnerscheed net gemaach.

  • dem Papp säi Bouf, dem Papp seng Duechter, dem Papp säin Haus, dem Papp seng Bouwen/Diechter/Haiser
  • der Mamm hire Bouf, der Mamm hir Duechter, der Mamm hiert Haus, der Mamm hir Bouwen/Diechter/Haiser
  • dem Meedche säi Bouf, dem Meedche seng Duechter, dem Meedchen säin Haus, dem Meedchen seng Bouwen/Diechter/Haiser

Éischt Persoun Singular: ech, mech, mir/mer

  • Ech gi mech net geschloen an hu mer dat geduecht; et ass mer net egal, wat mat mir geschitt.

Possessiv: mäin, meng, mäin, Plural: meng

  • mäi Bouf, mäin Numm, meng Bouwen, meng Nimm
  • meng Duechter, meng Diechter
  • mäi Meedchen, mäin Haus, meng Meedercher, meng Haiser


Zweet Persoun Singular: du/de, dech, dir/der

  • Du gëss dech net geschloen an hues der dat geduecht; et ass der net egal, wat mat dir geschitt.

Possessiv: däin, deng, däin, Plural: deng

  • däi Bouf, däin Numm, deng Bouwen, deng Nimm
  • deng Duechter, deng Diechter
  • däi Meedchen, däin Haus, deng Meedercher, deng Haiser


Drëtt Persoun Singular

Männlech: hien/en, hien/en, him/em

hien an him gi prinzipiell just fir Persounen an heiansdo fir Déiere gebraucht, net fir Saachen. Do ass et normalerweis en an em.

  • Hie gëtt sech net geschloen an huet sech dat geduecht; et ass em net egal, wat mat him geschitt.
  • Den Zuch ass ze spéit, ech hunn en nach net gesinn, e wäert en Accident hunn.

Weiblech: si/se, si/se, hir/er
si
an hir gi prinzipiell just fir Persounen an heiansdo fir Déiere, net fir Saachen. Do ass et normalerweis se an er.

  • Si gëtt sech net geschloen an huet sech dat geduecht; et ass er net egal, wat mat hir geschitt.
  • D’Stad ass däischter, ech kann se net gesinn, se wäert geschwë beliicht ginn.

Sächlech: hatt/et, hatt/et, him/em
hatt
an him gi just fir Persounen an heiansdo fir Déiere gebraucht, net fir Saachen. Do ass et normalerweis et an em.

  • Hatt gëtt sech net geschloen an huet sech dat geduecht; et ass em net egal, wat mat him geschitt.
  • D’Haus ass däischter, ech kann et net gesinn, et wäert geschwë beliicht ginn

Possessivpronomen

Männlech a sächlech: säin, seng, säin, Plural: seng

  • säi Bouf, säin Numm, seng Bouwen, seng Nimm
  • seng Duechter, seng Diechter
  • säi Meedchen, säin Haus, seng Meedercher, seng Haiser

Weiblech: hiren, hir, hiert, Plural: hir

  • hire Bouf, hiren Numm, hir Bouwen, hir Nimm
  • hir Duechter, hir Diechter
  • hiert Meedchen, hiert Haus, hir Meedercher, hir Haiser

Dat zielt och fir d’Expressioun bei der Possessioun:

  • dem Pit säin Haus,
  • dem Anne säi Meedchen,
  • der Madamm Schmit hiert Haus,
  • der Stad Lëtzebuerg hir Parken

hatt gëtt geholl, wann eng Fra mam Virnumm genannt ass:

  • D’Joëlle huet säin Auto net fonnt; mir hunn hatt gefouert an et zu Esch erausgelooss.

Wann de Virnumm an den Numm genannt ginn, ass et och esou; mee bei Respektspersoune soll déi weiblech Form geholl ginn:

  • D’Rosalie Muller ass Educatiounsministesch; mir hunn hir gesot, datt mer se ganz gutt fannen.


Éischt Persoun Plural: mir/mer, eis, eis (äis, ons)

  • Mir ginn eis net geschloen an hunn eis dat geduecht; et ass eis net egal, wat mat eis geschitt.

Possessiv: eisen, eis, eist, Plural: eis

  • eise Bouf, eisen Numm, eis Bouwen, eis Nimm
  • eis Duechter, eis Diechter
  • eist Meedchen, eist Haus, eis Meedercher, eis Haiser

A ville Géigende vum Land gouf traditionell äis amplaz eis> gesot, am Dativ an och, mee net ëmmer, am Akkusativ :

  • si hunn äis gesot, mir hunn äis gesinn, dir hutt äist Meedche an äise Bouf geruff.

An der Stad Lëtzebuerg an am Oste vum Land, a mëttlerweil och soss dohier, gëtt ons gebraucht:

  • Mir ginn ons net geschloen an hunn ons dat geduecht; ons ass et net egal, wéi et ons geet
  • onse Bouf, onsen Numm, ons Bouwen, ons Nimm
  • ons Duechter, ons Diechter
  • onst Meedchen, onst Haus, ons Meedercher, ons Haiser


Zweet Persoun Plural: dir/der, iech, iech

  • Dir gitt iech net geschloen an hutt iech dat geduecht; et ass iech net egal, wat mat iech geschitt.

Possessiv: ären, är, äert, Plural: är

  • äre Bouf, ären Numm, är Bouwen, är Nimm
  • är Duechter, är Diechter
  • äert Meedchen, äert Haus, är Meedercher, är Haiser

Déi zweet Form Plural ass och d’Héiflechkeetsform, wéi am Franséischen, an net wéi am Däitschen.

Mee wéi am Däitsche gëtt da grouss geschriwwen:

  • Bonjour, Madame Muller, ech hu vun Iech héieren, Dir hätt Ären Auto an Äert Haus verkaaft


Drëtt Persoun Plural: si/se, si/se, hinnen/en

en gëtt am Schrëftleche kaum gebraucht; do ass et normalerweis hinnen.

  • Si ginn sech net geschloen an hunn sech dat geduecht; et ass en net egal, wat mat hinne geschitt.
  • D’Zich si voll, ech hunn se net kënnen huelen, se sinn ouni mech virugefuer. Ech hunn hinne just kënnen hannendrun nokucken.

Possessivpronomen: hiren, hir, hiert, Plural: hir

  • hire Bouf, hiren Numm, hir Bouwen, hir Nimm
  • hir Duechter, hir Diechter
  • hiert Meedchen, hiert Haus, hir Meedercher, hir Haiser

De Possessivpronome vun der drëtter Form am Plural hänkt net vum Genus vum Possessor of:

  • de Männer hiren Auto an hir Garage an hiert Haus,
  • de Fraen hiren Auto an hir Garage an hiert Haus,
  • de Stied am Süden hir Parkingen


Problemer:

Verwiesselunge vu verschiddene Personalpronomen, déi d’selwecht geschriwwe ginn:

si oder se fir déi drëtt Persoun Singular weiblech oder déi drëtt Persoun Plural:

  • Mir hunn si gesi gehat.

mir oder mer fir déi éischt Persoun Singular a fir déi éischt Persoun Plural:

  • Dunn hu mer d’Course ugefaang, mee ech hu mer keng Chance ausgerechent.

dir oder der fir déi zweet Persoun Singular oder déi zweet Persoun Plural:

  • Dir sidd ze spéit komm; ech hat dir gesot, dat sollt net sinn.

Am Süde vum Land, am Minett, gëtt „mär, där” amplaz „mir, dir” gesot an dacks och geschriwwen.


Déi onbetounte Form gëtt schwéier ze verstoen, wann den n wéinst der n-Reegel ewechfält a wann e Verbindungsbuschtaf muss geschriwwe ginn.

  • Wann s de n e gesäis: wann s du hie gesäis,
  • wann s de n en eppes ustells: wann s du hien eppes ustells
  • häls de n e fir e Bëlles: häls du hie fir e Bëlles

Bei Fraen, déi mat Virnumm an Numm genannt ginn, ass et dacks schwéier, de richtege Genus ze gebrauchen.

  • Mir hunn an der Chamber dem/der Rosalie Muller nogelauschtert, der Educatiounsministesch, a mir hu si ganz gutt fonnt. (Net: a mir hunn hatt/et ganz gutt fonnt)

Cf: http://infolux.uni.lu/hatt-oder-si-resultater-aus-dem-online-froebou/

arrow

15


RIEDENSAARTEN AN ZITATER

 

 

Hie mécht e spatze Mëndchen. Et ass e Kriddelschass.
(Verhonziklopedi. Pol Tousch. 1995)
Hei kann ech net bleiwen. hei ass et net schéin
Kee Wäin a kee Béier, keng Drëppche kee Léin.
Hei kann ech net bleiwen, keng Tëlee, kee Sport,
O loosst mech dach heemgon, soss lafen ech fort.
(Mathieu Lamberty. Hei kann ech net bleiweN)
Ass Är Kaz léif a kleng,
an d’Vakanz fuer léiwer leng
(Josy Braun. D’Schnurreli. D’Éier vum Déier. Geschichten a Gedichter. 2011)
Kommt hier aus Frankräich Belgie Preisen.
Mir wëllen iech eis Heemecht weisen:
Frot dir no alle Säiten hin
wéi mir esou zefridde sinn
(Michel Lentz. De Feierwon. 1859)
Ech hänken an ech kliewen
Dräi Deeg un engem Buch.
E Buch ass mäi ganzt Liewen,
Doheem, am Bus, am Zuch
(Josy Braun. Ech liese gären. Papperlapappagos. 1996)
Du fënns eis op der Kaart,
am Zentrum vun Europa
(Rebel & T the Boss.      
352. 2012)      
An engem klengen DuEref,
‘t gouf Butschebuerg genannt
Do hate mir kee Lueref,
d’Leit hunn ons gläich erkannt
Mat Klëppelen a mat Bengelen
si si eis nogewëscht
Mir si geflu wéi d’Engelen,
mam Instrument op d’Mëscht
(Traditionellt Lidd: An engem klengen DuEref)

Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit
Den Himmel Wäin ons mécht
(Michel Lentz. Ons Heemecht. 1864)
Ons Heemechtsland, dat mir an onsen Häerzer dron
,mär wëlle bleiwen, wat mir sinn, well mär hunn de Feierwon.
Oder leeft de Metti dem Ketti mat der Wichsbiischt no,
mär sinn déi grouss Hexemeeschter, wa mär Hokus Pokus son
(De Läb. Sex, Drugs an e Prêt. 2013)
Si huet den Här hannen a vir gekësst. Si huet Huff un de Knéien.
(Pol Tousch. Verhonziklopedi.1995)