Et ass elo ee Joer hir, datt den Educatiounsministère am Kader vun der Strategie ‘Digital 4 Education’ de Projet 365 lancéiert huet. Op http://365.education.lu huet all Enseignant an all Schüler aus dem Secondaire wéi och aus dem Fondamental gratis Accès op eng Hellewull Outil’en, déi am Schoulalldag sënnvoll a produktiv agesat kënne ginn: Niewt Klassiker wéi Word, Powerpoint an Excel fannt Dir do och manner bekannten Applikatioune wéi Sway, Yammer, OneNote, Delve, Planner, Forms, ...