Mam Service eduFiles offréiert de CGIE den Enseignanten eng modern a sécher Cloud fir all är administrativ a sensibel Donnéeën vun der Schoul ze späicheren, dëst natierlech nëmmen am Respekt zu den Dateschutzbestëmmungen.
Perséinlech Donnéeën vu Schüler oder soss administrativ Daten hunn näischt op Dropbox, Onedrive, Google Drive, iCloud asw. verluer.
Wat ass eduFiles?
- Eng sécher Cloud fir Enseignanten a Personal vum MENJE
- Gesécherten Accès mat IAM via Luxtrust oder eduKey
- Donnéeën ginn an engem Datencenter zu Lëtzebuerg ofgespäichert
- Komplett bedriwwen mat “Open Source” Software
- 50 GB Späicherplaatz fir all Benotzer
Wou fannen ech eduFiles?
Einfach op www.edufiles.lu aloggen an ären Späicherplaatz gëtt fräi geschalt.
Méi Informatiounen fannt dir op: http://edufiles.cgie.lu
- Fichieren op Edufiles deele geet mat aneren Enseignanten, mee net mat externe (net MENFP) Leit. Dofir kann een dann d’Applicatioun ZENDTO benotzen:
Le partage de fichiers avec des utilisateurs externes n’est pas possible.
Si vous désirez partager des fichiers sensibles avec des utilisateurs externes, nous vous conseillons d'utiliser l'application "zendto" (http://zendto.cgie.lu) du CGIE.
- Wat een nach muss wëssen: No 6 Méint Inaktivitéit, d.h. wann ee sech 6 Méint laang net op Edufiles ugemellt huet, da gëtt alles automatesch geläscht.
Fir all Froen kënn dir gären eisen Helpdesk kontaktéieren um 247 85999 oder via Email helpdesk@cgie.lu