Et gëtt nach keng offiziell WhatsApp App fir den iPad, déi ass ewer bei WhatsApp, resp. facebook an Aarbecht. Du fënns zwar fir den iPad aner WhatsApp Messenger Apps, déi fonktionéieren ewer, ménger Erfahrung no, ëmmer just eng zäitlaang an dann e beemol net méi.
Wat s de kanns man:
- Maach um iPad de Safari op a gëff do web.whatsapp an der Adressläischt an. Du kanns der déi Säit lo als Web Clip um iPad späicheren (cf.annexe), dat ass da wéi wann s de eng App installéiert häss (Et ass ewer just de Link op web.whatsapp.com).
An der WhatsApp-App um Handy muss de dann de QR-Code op whatsapp.web (am Browser) scannen fir däi WhatsApp um iPad unzeweisen (Géi an der App um Handy iwwer déi 3 Punkten an de Menü a wiel dann WhatsApp Web).