Den 20. Oktober huet d’ A.s.b.l. Maarkollef an d’ Enseignanten aus der Schoul d’Kanner vum Cycle 2 a Cycle 3.1 op d’ Halloweenfest am Kannergaart invitéiert. An grujeleger Atmosphäre konnten d’Kanner am Kannergaart Rommelmonsteren dekoréieren, duerch e risegt Spannennetz kloteren, e mageschen Zauberstaf bastelen oder mat verbonnen Aen duerch en onheemleche Fillparcours goen. D'Kanner goufe geschminkt a kruten Halloweentatooen gemaach. Fir Iessen a Gedrénks war och gesuergt : Grujelwirschtercher, Spagettispannebeen an e waarmen Hexendrank.
lundi 30 octobre 2023
mat alle Sënner, zesummen, a Beweegung
FuDo – Fuerschen Dobaussen ist ein einzigartiges Bildungsprojekt, das in Zusammenarbeit zwischen der Direktion 10, Dr. Andrea Fiedler und dem SCRIPT ausgeführt wird. Ziel des Projektes ist es, den forschend-entdeckenden Ansatz im „Eveil“ zu fördern und die Lehrkräfte bei dessen Umsetzung zu unterstützen.
Die Kinder der Klasse des Zyklus 3.1 der Klasse Annouk Retter der Schule Am Sand haben das FuDo-Team beim Teaserfilmdreh tatkräftig unterstützt. Weitere Informationen findet man auf fudo.lu.
mercredi 21 juillet 2021
E Mëttwoch, 5.Juni, gouf a um 16.15 Auer den neie Schoulgaart ("Kannergaart") ageweit. Dëst Jor feiert och d'Asbl Aktioun Maarkollef hir 30 Joer. Uschléissend un d'Aweiung vum Gemeinschaftsgaart "Aanwen's Gaart" hat d'Gemeng e klengen Éierewäin offréiert. An d'Schoulkanner haten eppes vir de klengen Honger preparéiert.
Photos
05/06/2019 16:15
Schoul Am Sand, Nidderaanwen
Dënschdes, den 15. November treffe mir eis nomëttes an der Lernwerkstatt.
Mir maachen Experimenter, baue flott Brécken, ënnersichen Déieren ënnert dem Mikroskop, géissen Käerzen an entdecken nei Saachen...
15/11/2016 14:00 - 16:00
bulletin communal 2-2016
Am leschte Gemengeblat gouf nees iwwert d'Aktivitéiten an a ronderëm d'Schoul bericht:
Bamplanzaktioun beim Beienhaus, Projet "Hands on science", e Réckbléck op eis Aktivitéiten als Unesco-Schoul, 2 Projeten vun der Maison Relais
jeudi 19 mai 2016
E super grousse Merci vum Maarkollef u jiddereen deen un der Bullisschluecht, genannt Planzdag beim Beienhaus, mat groussem Erfolleg gehollef huet. D'Fotoë vum Dag kënnt der iech elo an eisem Fotosalbum ukucken.
05/03/2016 09:00 - 12:00
Schoul Am Sand
Et se lo knapp 2 Méint, dat mir eis éischt Beien op de Stand kruten, 3 nei Völker vum Georges Kohnen.
Elo hu mir 7 Völker am Beienhaus an e Vollek an der Topbarhive baussen.
All eise Beie geet et tiptop, ...
mardi 16 juin 2015
6.5.2015 zu Ueweraanwen
D'Gemeng Nidderaanwen, d'Grondschoul "Am Sand", d'
Maarkollef asbl, d'
ANF Triage Nidderaanwen, d'
Biologesch Statioun SIAS invitéieren op d'Aweiung vum didaktesche Beienhaus "Op den Aessen" zu Ueweraanwen, e Mëttwoch, de 6.Mee um 16:15 Auer.
06/05/2015 16:15
16.1.2015
Am Kader vun der Aktioun Maarkollef haten d'Nidderaanwener Enseignanten Freides owes de 16. Januar e grousst Nuetsspill fir d Kanner vum Cycle 4.1 am Groussebësch organiséiert. Als gemittlechen Ofschloss vum Owend, gouf et dono eng kleng Soirée am Chalet mat Wain a Kéis...
16/01/2015 19:00