Am Kader vun eisem Plan de réussite scolaire (mam Zil fir d'Zesummenaarbecht tëscht den eenzelnen Cyclen ze förderen an nei Léiersituatiounen ze schafen) hu mer zyklusiwwergräifend Aktivitéiten (de Cycle 1 mam Cycle 3 an de Cycle 2 mam Cycle 4) zum Thema Fréijor durchgefouert.
Als Ofschloss vum Projet (22.5.) goufen all d'Elteren op eng Ausstellung am Centre Culturel an där d'Aktivitéiten präsentéiert goufen invitéiert.
D'Präsentatioun vun dësem Projet mat ville Fotoen an engem Film kënnt der iech elo am Webfolio "Klasseprojeten" ukucken.