Phone No.
(+352) 247-85187
Email us
secretariat@script.lu
Address
33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg

www.bibliotc.lu

Travaux de candidature

Bibliothèque en ligne

lundi 6 août 2018 / Catégories: Langues, Allemand

Wéi ka Grammaire fir Erwuessener besser vermëttelt ginn?

by May Luc

An dëser Recherche gëtt ënnersicht, wéi erwuessen Apprenanten op eng méi produktiv Aart a
Weis Lëtzebuergesch léiere kënnen. Am Lëtzebuergeschen existéiert net vill brauchbart
didaktescht Material fir déi méi héich Niveauen. Dofir soll mat dësem Projet neit Material
ausgeschafft ginn, dat d’Léierpersoune wéi och d’Apprenantë gär benotzen. D’Material soll
multimedial sinn, d.h. de Contenu soll net nëmme mat Aarbechtsblieder vermëttelt ginn, mee och
mat Hëllef vun Audiodateien a Videoen. Domat soll den Defizit vum feelenden didaktesche Material
e bëssen opgeschafft ginn.
D’Aarbecht ass an zwou grouss Partië gedeelt. Am éischten Deel ginn e puer wichteg Begrëffer
erkläert an d’Zilgruppe vun dësem Projet gi virgestallt. Da gëtt gekuckt, wéi wäit d’Fuerschung um
Gebitt vum Friemsproocheléieren ass a wéi Léiertheorien ausgesinn, déi sech op dëst Feld
konzentréieren. Et fält op, dass d’Fuerschung sech nach net eens ass an een am Endeffekt nach
net genee soe kann, wéi erwuesse Leit eng Friemsprooch léieren. Et ginn awer eng Rei wichteg
Facteure virgestallt, déi d’Léiere staark beaflossen, wéi z.B. de biografeschen Hannergrond, den
Alter, d’Motivatioun, déi verschidde Léiertypen oder och d’Léierfäegkeet. All Mënsch ënnerscheet
sech duerch seng (Léier-)Biografie a baut sech säi Wëssen op seng Manéier op.
Bei der Analyse, ob Grammairesunterrecht sënnvoll ass oder net, kënnt eraus, dass Villes dogéint
schwätzt. An awer gëtt doru festgehal, well d’Grammaire d’Basis vun enger Sprooch ass an een
ouni Basis keng sproochlech Kompetenzen opbaue kann. Bei der Fro, wéi d’Grammaire vermëttelt
soll ginn, schwätzt Villes fir déi induktiv-entdeckend Method, bei där d’Apprenanten
d’Grammairesregele selwer erschaffen. Dës Manéier huet de Virdeel, dass d’Apprenantë méi
aktivéiert ginn an d’Memoriséiere gefërdert gëtt. Sou ass d’Léiere méi nohalteg wéi bei rengem
Frontalunterrecht.
Am zweeten, méi prakteschen Deel gëtt gekuckt, wien d’Léierpersounen a wien d’Apprenanten am
Institut national des Langues (INL) sinn. Donieft gëtt analyséiert, wéi Aarbechtsblieder opgebaut
solle sinn. Mat den theoreteschen Erkenntnesser aus deenen zwee Deeler an ënnert der
Consideratioun vun den Apprenanten an den Enseignanten am INL gëtt Grammairesmaterial fir déi
wichtegst grammatesch Phenomener presentéiert. D’Grammaire gëtt mat Hëllef vun Audiodateien,
Videoen, Texter, Aarbechtsblieder an Explikatioune vermëttelt a gouf op e puer Klasse getest.
Dobäi koum eraus, dass um Youtube publizéiert Videoen esouwuel vun den Apprenantë wéi och
vum Léierpersonal gären ugeholl ginn. Videoen hunn de Virdeel, dass se immens anschaulech an
aprägsam sinn an esou oft wéi néideg gekuckt kënne ginn. Besonnesch fir déi net evident
Differenz tëscht Dativ an Akkusativ ze vermëttelen, eegene sech Videoen.
Dat anert Material mat den Audiodateien an den Texter gouf gutt vun de Kolleginnen a Kollegen
am INL ugeholl. Am Groussen a Ganzen entspriechen d’Aarbechtsblieder de Virstellunge vun den
Apprenanten an den Enseignanten. An et ass virgesinn, dass d’Erkenntnesser vun dëser
Recherche an e Léierbuch fir den Niveau B1 erafléissen.

Documents à télécharger