Phone No.
(+352) 247-85187
Email us
secretariat@script.lu
Address
33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg

www.bibliotc.lu

Travaux de candidature

Bibliothèque en ligne

mardi 7 août 2018 / Catégories: Langues, Luxembourgeois, Pédagogie

Ergänzungsmaterial a Leitfuedem fir d'Fach Lëtzebuergesch als Friemsprooch op der 7e an op der 9e Insertiounsklass

by Mohr Tanja

De Friemsproochenunterrecht am Fach Lëtzebuergesch op den Insertiounsklasse soll déi
Jugendlech dorop virbereeden, op Lëtzebuergesch kommunizéieren an am Alldag an der
Friemsprooch bestoen an handelen ze kënnen. Fir dat ze erreechen, ass et wichteg,
didaktescht Material zur Verfügung ze hunn, dat den Ufuerderunge vun engem
kommunikatiouns- an handlungsorientéierte Friemsproochenunterrecht gerecht gëtt. Aus
dësem Grond verfollegt de virleienden Travail de candidature d'Missioun, dat bestoend
Léiermaterial ze analyséieren an duerch en ëmfaassend Ergänzungsmaterial a Form vun
Aufgaben ze komplettéieren. Nieft den Aufgabe sollen detailléiert Fichë methodesch an
didaktesch Erklärungen dozou liwweren. Fir de Projet ofzeronnen, gëtt iwwerdeems e
Leitfuedem verfaasst, deen d'Zesummespill tëschent deene bestoenden an deenen nei
ausgeschaffte Léiermaterialien illustréiert.
Am zweete Kapitel gi grondleeënd theoretesch Usätz beliicht, déi am Kontext vun dëser
Aarbecht ze berücksichtege sinn. Aus deene verschiddenen Theorien, déi hei duergeluecht
ginn, loosse sech d'Critèren ofleeden, no deene sech d'Aufgaben aus dem
Ergänzungsmaterial am Sënn vun engem pragmatesch ausgeriichte
Friemsproochenunterrecht sollen orientéieren. De Projet a seng Duerchféierung ginn am
drëtte Kapitel beschriwwen. No der Kontextualiséierung vum TC gëtt ausféierlech op den
Opbau vun den Aufgaben, de Fichen an dem Leitfuedem agaangen.
Am Kär vun dësem TC ginn déi verschidden Aarbechtsschrëtt analyséiert an dokumentéiert.
Fir d'éischt ginn esouwuel de Programm vun den Insertiounsklasse wéi och d'Aufgaben aus
Wat gelift? ënnersicht, fir eventuell Lacunnen an Onstëmmegkeeten opzedecken. No dëser
kritescher Bestandsopnam gëtt duergestallt, wéi déi detektéiert Problemer mat Hëllef vun
deem heifir ausgeschafften Ergänzungsmaterial kënne geléist ginn.
Fir dës Aarbecht ofzeschléissen, ginn iwwerdeems kritesch Reflexiounen a Bezuch op de
Projet ënnerholl. Hei sollen esouwuel d'Méiglechkeete wéi och d'Grenze vum
Ergänzungsmaterial a sengem Asaz am Lëtzebuergeschunterrecht op den Insertiounsklassen
diskutéiert ginn.