Raths Isabelle
De Friemsproochenunterrecht am Fach Lëtzebuergesch op den Insertiounsklasse soll déi
Jugendlech dorop virbereeden, op Lëtzebuergesch kommunizéieren an am Alldag an der
Friemsprooch bestoen an handelen ze kënnen. Fir dat ze erreechen, ass et wichteg,
didaktescht Material zur Verfügung ze hunn, dat den Ufuerderunge vun engem
kommunikatiouns- an handlungsorientéierte Friemsproochenunterrecht gerecht gëtt. Aus
dësem Grond verfollegt de virleienden Travail de candidature d'Missioun, dat...