Phone No.
(+352) 247-85187
Email us
secretariat@script.lu
Address
33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg

www.bibliotc.lu

Travaux de candidature

Bibliothèque en ligne

jeudi 6 février 2014 / Catégories: Actualités

Journées du livre et du droit d'auteur an de Grondschoulen

Fir d’ Journées du livre et du droit d’auteur (23. - 26. Abrëll 2014), déi dëst Joer ënnert dem Motto “Geschicht a Geschichten” stinn, lancéiert de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse an de Grondschoulen d’Aktioun

Wéi wor et deemools? Geschicht a Geschichten

 

An der Klass oder der Schoul gëtt duerch Bicher op e Moment an der Geschicht gekuckt, sief et eng Situatioun aus dem Alldag oder déi grouss “Geschicht”. Mat Sach- a Geschichtebicher gëtt beliicht, wéi d’Liewen zu engem bestëmmten Ament fréier wor.

An deem Kontext sief ernimmt, dat d’Joer 2014 och e Joer vun wichtege Kommemoratiounen ass.

Den Opruff un d’Schoule gëtt begleet vun engem Pouster vum Roger Leiner dee weider Inspiratioun zum Thema liwwert.

Bei de Journées du livre et du droit d’auteur, déi all Joe ronderëm den 23. Abrëll stattfannen, gëllt et, d’Buch an d’Liesen an de Mëttelpunkt ze setzen. Déi Deeg sinn ee vun de wichtege Momenter vun der Liesfërderung a Lëtzebuerger Grondschoulen.

E Réckbléck op d’Aktioun kënnt an de Courrier de l’Education nationale.

Weider Informatiounen zu de Journées : www.liesen.lu