FR
FR
LU
DE
EN
PT

blog

14Oct

Nose to Tail - keen neien Trend !

En Déier ganz verwäerten war fréier üblech. Haut sinn d’Leit of zimlech kriddeleg a verpassen dobäi esou Muenches. Vill Fleesch Platen, sinn a Vergiessenheet geroden, wéi z.B. Rëndszong, Träipen, Liewer asw. Mir presentéieren iech dofir d ‘Rezept vun enger gudder Rëndszong mat Madère Zooss.

Nose to Tail heescht, datt et dem Déier géintiwwer onanstänneg wär, et net vu Kapp bis Fouss ze verwäerten. Esou ginn et nieft dem Filet beim Rand och nach eng etlech gutt aner Stécker. De Wuelstand an eng ze grouss Offer u Liewensmëttel hu mat sech bruecht, datt mir eis et leeschte konnten, kriddeleg ze sinn wat d ‘Iessen ubelaangt.

Haut gi virun allem nëmme déi beschte Stécker wéi z.B. Filet oder moert an zaart Fleesch gefrot, wat nëmmen kuerz muss gebroden ginn. Dës Stécker maachen bei engem Rand allerdéngs nëmmen 15% vum Fleesch aus, esou datt si oft vu wäit hir mussen importéiert ginn. Dëst ass alles anescht ewéi nohalteg an ekologesch vertrietbar.

Dofir fannt Dir an eise Kantinnen demnächst Fleesch Platen, déi a Vergiessenheet gerode sinn, wéi z.B. Rëndszond, Träipen, Liewer asw. .

An dësem Post presentéieren mir iech d ‘Rezept vun enger Rëndszong mat Madère Zooss.

Rëndszong ... vill vun Iech wäerte soen “Dat hunn ech net gär!”

Awer gutt  zoubereet ass dëst Iessen eng richteg Delikatesse. Dëst besonnesch zaart Stéck Fleesch huet immens vill Goût a schmaacht ausgezeechent. Et gëtt am beschte mat enger selwer gemaachter Madère-Zooss (Sauce madère) preparéiert, mat frësche Champignonen, déi an dënn Scheiwen geschnidde ginn.

Entdeckt hei eis Rezept mat enger Zooss mat Madère-Wäin. Et ass einfach ze präparéieren, brauch e bëssen Virbereedungs- a Kach Zäit, awer mir garantéieren Iech, datt et sech wierklech lount.

De Madère-Wäin ass e mat Branntewäin ugeräicherte séisse Wäin vun der Insel Madeira, déi zu Portugal gehéiert.

Rëndszong ass e präiswäert Fleesch. Kaaft léiwer eng kleng fir d’Kachzäit ze reduzéieren

Wat  gëtt gebraucht?

  • 1 Rëndszong (ongeféier 1,5 kg)
  • 1 Glas Madère Wäin
  • 1 Muert
  • 1 Lorberblat
  • 30 g Miel
  • 30 g Botter
  • Peffe & Salz
  • 250 g frësch Champignone
  • 1 Ënn
  • 1 Strauss Thymian
  • 2 Neechelskäpp
  • 50 cl Rëndsboullion

 


 

 

Wéi gëtt et gekacht?

  1. Maacht eng Schossel voll kaalt Waasser, maacht d'Rëndszong dran a loosst se 4 – 6 Stonnen weechen. Leet se dono an en Dëppen mat kache Waasser a maacht en Thymianstrauss, Lorberblieder, eng hallef Muert, eng Zwiwwel an 2 Neelcheskäpp dobäi.
     
  2. Loosst dat Ganzt während ongeféier 1,5 – 2 Stonnen op niddereger Stuf kachen. Wann sech ënnert der Haut Blosen bilden ass d ‘Zong genuch gekacht. Huelt se dono aus der Britt an halt d ‘Britt fir d ‘Preparatioun vun der Zooss.
     
  3. Schielt déi gekachten Zong ënner kalem Waasser a schneid se dann an dënn Tranchen. Denkt  drunn, datt d ‘Zong dono nach e bëssen an der Zooss muss köchelen bei niddereger Temperatur. Deemno soll d ‘Zong net zevill mëll gekacht sinn.
     
  4. Fir d’Zoos gëtt elo eng helle Fong mat Miel ugeréiert. Dofir e bësse Botter am Dëppen schmëlzen, d ‘Miel derbäi maachen a gutt réieren. Direkt dono dat Ganzt verdënnen mat e bësse Britt an engem gudde Glas Madère Wäin. Salz a Peffer net vergiessen.
     
  5. D’Zooss elo 20-25 Minutten andecke loossen bei klenger Stuff. Ëmmer erëm Britt bäiginn, fir déi gewënschte Konsistenz ze erreechen. D’Champignons an enger Pan ubroden a bei d’Zooss derbäi ginn. Elo d’Rëndszong nach 5 Minutten bei klenger Flam an der Zooss kachen.
     
  6. Dir kënnt elo dZong zerwéieren mat Purée, Räis oder Nuddelen a frëscjhem Geméiss.

Eng Rëndszong enthält kee vun deene 14 Allergenen (konform zum EU-Reglement 1169/2011 iwwer d ‘Informatioun vun de Konsumenten iwwer Liewensmëttel) entspriechend dem Rezept. Eng gekräizte Contaminatioun an der Metzlerei selwer kann allerdéngs ni ganz ausgeschloss ginn.

Gudden Appetit!

 

 

 

 

 

 

Search

  • Recent
  • Popular
  • Repas gratuits au lycée pour les ménages à faible revenu

    Désormais, tous les élèves bénéficiant d’une subvention pour ménages à faible revenu peuvent également profiter d’un repas gratuit par jour dans les cantines des lycées. Cette initiative permettra d...
  • ANTIGASPI2GO by Restopolis - Nous combattons le gaspillage alimentaire

    À partir du mois de novembre 2023, nous allons introduire progressivement le programme "ANTIGASPI2GO by Restopolis" dans toutes nos cantines, ceci après une phase pilote réussie au Maacher Lycée Greve...
  • Un nouveau point de rencontre

    Le restaurant scolaire de l’Ecole Internationale Anne Beffort 1 de Mersch a ouvert ses portes
  • Ëmfro zum Pilotprojet “Veggie Monday” vum MOVE a vun der CNEL

    2021 huet Restopolis op Initiativ vun den dräi Schoulen Athénée de Luxembourg, Lycée Michel Rodange a Lycée Aline Mayrisch de Pilotprojet “Veggie
  • Restopolis Winter Wondermeal

    Ho, ho, ho, Restopolis wënscht Dir schéi Chrëschtdag mat engem saisonalen “Winter Wondermeal”. Mir feieren d’Chrëschtdagssaison mat engem Spezialmenü de 15. Dezember.
  • Réservation simplifiée

    Vous nous avez dit que la gestion des réservations serait trop compliquée et pourrait être plus facile et plus cohérente. Nous avons écouté vos suggestions, examiné les préoccupations des convives sou...

Archive

Newsletter

Name