FR
FR
LU
DE
EN
PT

blog

29Jun

Restopolis ass op der Foire Agricole zu Ettelbréck

Besicht Restopolis op der Foire Agricole an den Däichwisen zu Ettelbréck vum 30. Juni bis den 2. Juli. Mir informéieren Iech all Dag vun 9.00 – 17.00 op eisem Stand an der Däichhal iwwert eis nei Akafsplattform Supply4Future an eist Food4Future-Konzept. Selbstverständlech kënnt Dir och laanscht kommen, wann Dir allgemeng Froen zu Restopolis an zu eise Kantinnen hutt.

De Freideg, 30. Juni um 18.30 stellt den Educatiounsminister Claude Meisch zesummen mat dem Blanche Weber, Präsidentin vun dem Mouvement Ecologique, dem Luc Emering, Präsident vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a Vertrieder vu Restopolis op der grousser Bün vun der Däichhal de Supply4Future vir. 
 

Search

  • Recent
  • Popular

Archive

Newsletter

Name