Et gouf bei ville Leit e Problem, dass “Microsoft Teams Meetings”, déi vun engem aneren aus dem Team erstallt goufen, net am eegene “Microsoft Team Kalenner” opgetaucht sinn. An de Kalenner koumen just déi Meetings, déi ee selwer erstallt huet.
Säit enger gewësser Zäit gi jo all Mailen, déi op är Adresse IAM@365.education.lu geschéckt ginn automatesch op är @education.lu Adress weidergeleet. Wann en “Teams Meeting” vun engem Kolleg erstallt gëtt, gëtt automatesch eng Email op är IAM@365.education.lu geschéckt. Well déi Mail awer direkt op @education.lu weidergeleet gëtt, kritt “Microsoft Teams” net d’Méiglechkeet dat am Kalenner anzedroen.
D’ Léisung besteet also doranner ze kucken, dass “Microsoft Teams” och vum Meeting gewuer gëtt. Dat geet ganz einfach:
- Gitt an ärem 365.education.lu op den Outlook oder direkt am Browser op https://outlook.office.com/mail
- Gitt am Outlook uewe riets op d’ Zännrad (Einstellungen – Paramètres)
- An der Fënster déi riets opgeet klickt der ganz ënnen op (Alle Outlook Einstellungen anzeigen - Afficher tous les paramètres d’Outlook)
- Am Menü (E-Mail – Courrier) (deen ass schonn ausgewielt), riets an de Menü “Weiterleiten – Transfert) goen
- Maacht elo do en Häkchen bei “Kopie ... beibehalten”. Dat Häkchen driwwer wat op är @education.lu Adress weiderleet soll der loossen, soss verpasst der e puer Mailen! Déi 2 Häkercher sinn also elo aktiv!
- Ganz wichteg: Ënnen op SPEICHERN drécken
Wann elo een e Meeting erstellt, da kënnt d’ Email och an är IAM@365.education.lu Mailbox a gëtt dee Moment an den Teams Kalenner iwwerdroen. Eng Kopie kënnt wedierhinn op är @education.lu Adress, mee déi kënnt der ignoréieren.
Am Teams Kalenner steet de Meeting dann als provisoresch. Wann dir en acceptéiert (oder ofsot) MUSS dir dat och am “Teams Kalenner” man (einfach drop klicken an ZUSAGEN). Wann dir op de Mail an ärer @education.lu Mailbox äntwert, esou gëtt dat logescherweis net am “Teams Kalenner” iwwerholl (well d’ Informatioun jo net zréck op är IAM@365.education.lu Adress geet).
Normalerweis misst dat do just déi Enseignanten betrëfft, déi hir education.lu-Mailbox nach um Server vu Restena leien hunn.
Déi déi hier education.lu-Mailbox op d’365.education.lu-Portal plënnere gelooss hunn, brauchen elo normalerweis näischt aneschteres anzestellen.
(Dir mierkt jo selwer, ob bei iech d’Meetings am Kalenner agedroë ginn oder net.)