Säit dësem Schouljor ginn all d‘ education.lu-Mailkonten déi nei ugefrot ginn d’office ;-) an der Office 365-Plattform ageriicht.
Et ass dovun auszegon, dass dat an nächster Zukunft fir all eis education.lu-Mailboxen sou gemaach gët. Dee Moment kéint een net méi iwwer de Restena Webmail séng Maile kucke gon oder se am Outlook vum Restena-Server eroflueden, mee et géng een se just am Office 365 erëmfannen.
Hei ass et natierlech och méiglech déi da mat engem „Client“ wi dem Outlook oder enger Mailapp uweisen ze loossen.
Ween dat lo scho wëll probéieren, dee kann sech hei schlau man (Wiel lénks fir wéi en Type vu "mobile device" s de Informatioune sichs.) Normalerweis ginn ewer déi folgend Informatiounen duer :
- Wat wichteg ass, wann s de der däi IAM@365.education.lu-Kont um Handy z.Bsp. wëlls ariichten, dat ass dass de en neie Kont vum Type EXCHANGE wiels (net outlook.com an och net andere Konten).
- Wann s de däin IAM@365.education.lu plus Passwuert aginn hues, da sicht en automatesch d’Astellungen um Office 365 –Server vun der Education.lu an da gëss de nach gefrot en Zertifikat z’akzeptéieren.
- Dono muss de just nach däin IAM@365.education.lu als Benotzernumm androën an da misst et klappen.
- Du wiels da just nach wat nierft de Mailen nach soll synchroniséiert ginn (Kontakter, Kalenner, Notizen, asw.).