Déi Leit déi elo Filmer fir hieren Unterrëcht am Schoul-doheem-Modus gedréint hunn, hu wahrscheinlech gemierkt, dass do ganz séier ganz grouss Dateien entstoë kënnen. Et ass ass also sënnvoll fir déi Filmer ze kompriméieren.
- Dat ass méiglech iwwer en online Service. Bei de "Liens utiles" op der Schoulhomepage fënnst de am Dossier Computer_Medien bei “Utilities” e puer Siten wou s de (gratis) e Film online emwandle loosse kanns (bei “Audio/Film” a bei “Verschiedenes”).
- Fir e Film mam VLC Media Player ëmzewandelen/ze kompriméieren, sou dass och um iPad de Video mat Toun ofgespillt gëtt:
- Klick am Menü “Medien” op “Konvertieren/Speichern...” (oder einfach CTRL+R drécken);
- Mat “Hinzufügen” gees de de Film dee soll konvertéiert ginn op däin Harddisk sichen;
- Da klicks de op Konvertieren/Speichern;
- Wiel bei Profil “Video for Youtube HD”... ;
- ... a klick niewendrunn op de Schrauweschlëssel;
- Bei “Audiocodec” muss de do lo entweder en Hoken bei “Originalaudiospur beibehalten” setzen oder als Codec “MPEG 4 Audio (AAC)” wielen (Béid Astellunge sinn ok.) (Bild);
- Gëff bei “Zieldatei” un wouhinner déi nei Datei soll gespäichert ginn a wéi se soll heeschen, also en Numm.mp4;
- Klick op “Start” a waart bis d’Konvertéierung ofgeschloss ass.
- Ween mam iPad filmt (oder e MAC-Computer huet), kann do och d‘iMovie-App* benotzen fir säi Film ze kompriméieren.
-
Eng weider Optioun fir iech wär och, iech e Kont op Youtube (Google) opzeman an är Filmer do eropzelueden. Wann der bei Youtube fir äre Film d’Astellung „nicht gelistet" wielt, da fënnt een dee Video just, wann een de Link dovun huet, ewer net iwwer eng öffentlech Recherche.
Vläicht freet deen een oder aneren sech och, firwat iwwerhaapt kompriméieren, vu dass mer jo op der 365-Plattform praktesch onbegrenzt Späicherplaatz zur Verfügung hunn.
- Engersäits ass mol deen ökologeschen Aspekt vun der Fro, d’Erop- an Eroflueden an d’Schafe vu Späicherplaatz verbraucht Energie a Ressourcen (Stéchwuert Datacenter), vläicht as et gutt, wann een sech dat ab und zu an Erënnerung rifft.
- Mee et gëtt och e prakteschen Aspekt: Et huet net all Schüler déi beschten Endgeräter an déi beschten Internetverbindung doheem. Wat d’Dateien méi grouss sinn, wat et an der Praxis méi schwéier ka sinn déi grouss Dateien ze benotzen. Dofir sollt der Filmer sou vill wéi méiglech verklengeren ier der se mat de Schüler deelt. (Et verhënnt jo net, dass der fier iech de Film an enger besserer Qualitéit iergendwou archivéiert.)
Egal wéi s et mëss, test ëmmer léiwer ob de Video op dem iPad richteg ofgespillt gëtt ier s de den Elteren de Link schécks.
Hei e Beispill vun engem Film vun 6 min 37 s deen ech mam iPad opgeholl hat an dono am iMovie* iwwer „Video sichern“ kompriméiert hunn.
Videodatei
|
Größe
|
Originalfilm auf iPad (mov, 6min37s)
|
726 MB
|
in iMovie* komprimiert ("Video sichern")
|
|
HD-1080p (mov)
|
510 MB
|
mittel-540p (mov)
|
254 MB
|
klein-360p (mov)
|
171 MB
|
HD-1080p (mov) mit VLC Media Player komprimiert:
(Profil “Video for Youtube HD”) (mp4)
|
77 MB
|
De Film (HD-1080p) hunn ech dono vum iPad op de Computer eriwwergeholl (einfach den iPad mam USB-Kabel fir opzelueden mam PC verbannen. Um PC ginn dann d’Dossieren vum iPad ugewisen an deenen d’Fotoen an d’Filmer dra sinn) a mam VLC Media Player nach eemol kompriméiert. Schlussendlech wor en du bal 10x méi kleng wéi den Original!
*iMovie Uleedung: