Déi 2 - Faktor - Authentifizéierung ass an de leschte Joren zu engem wesentlechen Bestanddeel vun der Ofsécherung vun Online-Konten ginn, besonnesch am Fall, wou dës den Zougrëff op perséinlech Daten erlaben.
Dës Method bitt eng zousätzlech Sécherheet fir ären Elterekont a garantéiert, datt Dir déi eenzeg Persoun sidd, déi op äre Kont zougräife kann, esouguer am Fall wou eng aner Persoun äre Benotzernumm an äert Passwuert sollt kennen.
Dës Method funktionéiert folgendermoossen: fir sech bei enger Online-Uwendung unzemellen, muss de Benotzer säi Benotzernumm, säi Passwuert an en eemolegen, zäitlech begrenzten Code (OTP) aginn. Dëse Code gëtt dem Benotzer iwwer SMS geschéckt, an zwar op déi GSM Nummer déi hien a sengem Kont agedroen huet.
Opgepasst: D'Gültegkeet vun dësem Code (OTP) verfält bannent enger Minutt nodeems de Benotzer den SMS krut. Am Fall, wou d'Zäit sollt ofgelaf sinn, musst Dir d'Operatioun einfach widderhuelen.