Wéi all Joer, gin um Enn vum Schouljoer, déi bescht SchülerInnen an SportlerInnen geéiert. Den 8ten Juli huet den Sportlycée, zesummen mam Proffecomité an der APES hinnen hier Medaillen an Kado'en iwwereescht.
Véier vun hinnen kruten och den Prix d'excellence, well sie souwuel schoulesch wéi sportlech top Leeschtungen am leschten Schouljoër bruecht hun. Mir gratuléieren dem Laura Hoffmann, dem Eline Van den Bossche, dem Ricky Rolko an dem Alex Knaff.