An der 1. Editioun vum Corporate Tennis vun der FLT huet de Sportlycée sech no 6 Rencontre'n a senger Poule als Gruppenéischten fir d'Final qualifizéiert déi am Kader vum FLT Masters den 19. November zu Esch am nationalen Tenniszenter gespillt gouf. An enger flotter Renconter huet d'Ekipp vum Sportlycée mam Pascal Schaul, Laurent Hild, Chris Richartz, Alioune Touré, Bob Kies an Eric Heinen den Titel no 4 Simplen an 2 Dubbelen mat 6-2 géint d'Ekipp vun der BIL gewonnen.