Den 8. Abrëll si mir mat groussem Enthusiasmus a Freed zu la Trinité-sur-Mer ugetrueden. No enger laanger Busfaart si mir no 11 Stonnen endlech ukomm, wou mir dann eis jeeweils Skippere getraff hunn an d‘Segelboot ageriicht hunn. De Sportlycée ass dëst Joer mat 3 Booter vun am ganzen 21 un de Start gaangen. Den éischten Dag si mir vun de Skipperen agewise ginn a goufe geléiert, wéi a wat een alles misst maachen, fir dass d‘Boot esou schnell wéi méiglech weiderkënnt. No engem weideren Testdag, si mir dann endlech den drëtten Dag a Kompetitioun agaangen. De Start souwéi de Passage vun der Boje waren ausschlaggebend an et koum oft zu engem groussen Teamasatz fir dass d‘Boot optimal de Wand ausnotze kann. No e puer Manchen ass et dann erëm zréck an den Hafe gaangen, wou mir da mat engem gudden „Anlegerbierchen“ d‘Regatta fir deen Dag ofgeschloss hunn. Owes waren d‘Sportlycée -Memberen zesummen an si vu Boot zu Boot getrëppelt an hunn esou nei Kollege kenne geléiert. An esou ass dann déi nächst 3 Deeg gekämpft ginn, bis schlussendlech d‘Endresultater feststoungen. De leschten Owend koumen zum Ofschloss nach Foodtrucken, déi di iwwer 100 hongereg Seegler mat guddem Iesse versuergt hunn.
Géint 10 Auer war et dann eriwwer an et gouf Zäit, sech vun der Bretagne ze verabschiden.
Et war op jiddefalls en Erliefnes fir all Schüler, déi derbäi waren.
Vum Mathis Moes, 2B Sportlycée