Och dëst Joer hate mir d’Chance eis fir d’Schoulweltmeeschterschafte vum Dëschtennis ze qualifizéieren, a mat enger klenger Delegatioun vu sechs Schüler/innen zu Malta de Sportlycée ze representéieren. Depart war Sonndes den 8ten Abrëll um Findel. An der Woch haten d’Larissa, Dominique, Chin Chin, Alexandre, Tom a Viktor dunn och d’Geleeënheet fir hir d’Talent an etleche Matcher géint international Spiller/innen ënner Beweis ze stellen. An der Teamwäertung hunn d’Jongen eng 15 Platz ënner 17 Natiounen erspillt. D’Mädecher konnten sech besser op d’Géigner astellen an hunn eng ganz gutt 8te Platz ënner 17 Natiounen erreecht.
Géint d’Iwwermuecht aus Asien war awer och am individuelle Championnat kee Kraut gewuess, an si hunn an der ganzer Woch hir Dominanz am Dëschtennis androcksvoll gewisen. Nieft dem Terrain war natierlech och eppes fir eis Sportler gebueden, an esou konnten um kulturellen Dag, ewéi och wärend de „Friendship Doubles“ déi eng oder aner Frëndschaft mat Sportler aus aneren Natioune geschloss ginn. Eng gutt Organisatioun huet dann dofir gesuergt, dass dës Woch als Erfolleg ze betruechten ass, an esou Kompetitiounen op héijem Niveau eng Beräicherung fir de jonke Sportler duerstellt.