banner-menus

ÄRE SCHNEEKEGE RESTAURANT

Kachen ass eis Passioun

Mat eise Platen mat Goût wëlle mir mat Iech eis Passioun fir d’Kachen an de Goût vun de gudde Produkter deelen  Mir hoffen duerch all Plat, deen Dir bei eis iesst, Emotiounen a Souveniren ze kreéieren.

Qualitéit an Authentizitéit

Bei eis iesst Dir wat dir gesitt! Mir benotze keng verstoppten Zutaten, keen Analogkéis a si géint d’Standardiséierung vun den Goûten. All eis Platen gi vun eis preparéiert a gewierzt, ouni transforméiert Produkter, ouni Geschmaachsverstäerker, ouni verstoppten Zocker an ouni Gewierzmëschungen. Eis Prioritéit ass et, datt Dir den authentesche Goût vun de Produkter entdeckt.

Méi Informatioune iwwert eis 9 Qualitéitsengagementer kann een hei fannen.

D’Gläichgewiicht fir eng gutt Gesondheet

All eis Menüen gi vun enger Equipe vun Experten ausgeschafft, déi aus Kichechefen an enger Ernärungsberoderin besteet. Mir kucken datt d’Platen, déi mir d’ganz d’Woch an e ganze Mount zerwéieren, equilibréiert sinn. Fir datt Dir Loscht kritt, eis equilibréiert  Platen ze iessen, setze  mir op de Savoir-faire vun eise experimentéierte Käch, déi eise Preparatioune Goût ginn. Tatsächlech ass d’Zoubereedung vu Platen mat Goût dat beschte Mëttel fir eis Gäscht unzereege fir équilibréiert Platen ze iessen. 

All Dag frësch an ënnerschiddlech Platen

An eise Restaurante proposéieren mir Iech all Dag ënnerschiddlech Platen.

Fir datt den Appetit ugereegt gëtt, bidde mir Iech eng Entrée, eng frësch Zopp oder en Teller mat Zalot. Zousätzlech proposéiere mir Iech, jee no Infrastruktur vum Restaurant, niewent dem Haaptplat och nach eng GRillade, Pizzaën, eng Pasta Bar oder e Wokplat.

All eis Platen ginn op der Plaz vun eise qualifizéierte Käch mat frësche Produkte gekacht.

Go veggie

An eise Restauranten erwaart iech all Dag en aneren vegetaresche Plat, well mir dat frëscht Geméis fir iech a fir de Planéit verfeinere wëllen.

De Salad’bar, eng Vitaminnebar

Eis Salad’Bar begeeschtert all Dag eis Gäscht. Dir kënnt all eis Zaloten als Entrée, Beilag oder als Haaptplat iessen.

Seng villfälteg Zesummesetzung – gréng Zalot, ongewürzte Cruditéiten, stärkehalteg Zalot, Zalot mat Hülsefriichten, Zalot mat gekachtenem Geméis, Fleesch-, Fësch- oder Kéisszalot – schmaacht jidderengem.

Fir d’Zalot ze wierzen, stelle mir Iech 3 Dressingen zur Verfügung. Des Weideren fënnt een an eise Restauranten och qualitativ gudden Ueleg, Esseg a Lëtzebuerger Moschtert.

Schneekereien hu mir gär

Fir Äert Iessen ofzeschléissen proposéiere mir Iech all Dag een hausmaacher Dessert. Frëscht saisonal Uebst, wäisse Kéis a Yoghurt kompletéieren eis séiss Gamme.

Gutt iessen, heescht manner ewech ze geheien: Sidd AntiGaspi

 Am Kader vun eiser AntiGaspi-Campagne proposéiere mir Iech déi Platen an Desserten, déi den Dag virdrun net verkaf gi sinn, als 2. Optioun fir den Dagesplat. Mir respektéieren selbstverständlech d’Hygienereegelen.

Fir d’Quantitéit vun Iessen ze limitéieren, déi ewechgeheit ginn a fir d’Zuel vun de Platen, déi mir zoubereeden, nach besser ze adaptéieren, gi mir Iech och d’Méiglechkeet Äre Plat am Viraus  ze reservéieren.

Fir méi  iwwert eis AntiGaspi-Aktiounen gewuer ze ginn hei klicken.

Fir méi iwwert déi optional Reservéierung gewuer ze ginn hei klicken.

Presentatiounsdësch

Eise Presentatiounsdësch an der Entrée vun eise Restauranten, op deem eise Chef de Gäscht eis Plate vum Dag weist,   hëlleft Iech all Dag bei der Auswiel vun Ärem Plat. Dëse Presentatiounsdësch erlabt eis Erzéiung zu enger gesonder Ernierung ze maachen,  andeem mir déi ideal d’Kompositioun vun engem equilibréierten Teller weise mat sengen dräi Komponenten (Feculent, Geméis a Proteinen)

Mir sinn eng Fairtrade Zone

Mir ënnerstëtzen de faire Handel fir de Produzenten aus dem Süden en anstännege Loun an anstänneg Aarbechtsconditiounen ze garantéieren an eng Landwirtschaft ze soutenéieren,  déi d’Emwelt méi respektvoll behandelt. An eise Restauranten a Cafeteriaen proposéiere mir Fairtrade-Kaffi, -Téi, -Räis, -Schockela, a Fairtarade exotesch Friichten.

Fir méi Informatiounen iwwert eis Quinzainen ze kréien weg hei klicken.

Equilibréiert iessen an eise Planéit schützen

Mir wiele fir Iech déi beschte Matière Première aus a respektéieren d’Saison a berücksichtegen d’Hierkonft vun de Produkter. Mir kucken fir de kierzste LIwwerwee ze garantéieren.

Am Hibléck op eng nohalteg Ernierung engagéiere mir eis, datt mindestens 5% vun de Produkter déi mir verschaffen aus der Biolandwirtschaft kommen.

Krunnewaasser, d’ëmweltfrëndlech Gedrénks par excellence

Fir Ären Duuscht ze läsche gëtt et näischt Besseres wéi Waasser. An eise Restauranten stelle mir Iech gratis Krunnewaasser a Kréi zur Verfügung. Mir wëllen op déi Aart a Weis d’Konsommatioun vum Waasser  amplaz vun dem zockerhaltege Gedrénks favoriséieren. D’Waasser vum Krunn ass net nëmme gutt fir d’Gesondheet, mä erlaabt och nach de Plastiksoffall ze reduzéieren.

Fir méi Informatiounen iwwert eis Aktioun “Rethink your drink”  ze kréien weg hei klicken.

Fir méi Informatiounen iwwert eis Aktioun “Glas?Kloer!” ze kréien weg hei klicken.

E Kader an eng Ambiance fir Äre Plat ze genéissen

Well e gudden Empfang fir eis dee beschte Plat ass, kucke mir fir Iech en häerzlechen Empfang ze bidden fir datt Dir een agreabele  Moment verbréngen kënnt.

Eist “Assurance-Qualité”-Departement, Äre Vertrauenspartner

D’Mataarbechter vun der “Assurance Qualité” besichen all Dag eis Restauranten fir de Geschmaach vun de Platen ze iwwerpréiwen. Si préiwen och ob de “Guide du cuisiner”, deen all eis Instruktioune opgräift, respektéiert gëtt. D’Mataarbechter kontrolléieren och d’Hygiène duerch eng intern Revisioun.

Är Cafeteria ass do fir de kléngen Honger

Dir kritt an der Cafeteria moies de Kaffi oder eppes fir de kléngen Honger. Mir proposéieren eng ganz Rei Produkter wéi Joghurt mat Müsli a Friichten fir matzehuelen, Bréidercher mat Kéis oder Dinde, Bréidercher mat Hunneg oder Schockelasbotter d’Salzbretzelen, hausmaacher Kuchen, Uebstzaloten oder Mëllechprodukter.

Dir fannt do och waarm a kal Gedrénks fir matzehuelen.

Fir méi Informatiounen iwwert eis Aktioun “The smart way... to start the day!” iwwert de Kaffi ze kréien weg hei klicken.

Är Cafeteria ass do fir de groussen Honger

Fir d’Mëttegiessen fannt Dir eng aner Gamme vu Produkter an der Cafeteria wéi zum Beispill garnéiert hallef Baguetten, grouss a kleng Zalote fir matzehuelen a waarm Plate fir matzehuelen.

 

  Restopolis Services
Service de la Restauration scolaire et universitaire
eduPôle - Walferdange
Route de Diekirch
L-7220 Walferdange
Adresse postale:
B.P. 98
L-7201 Bereldange
  Contactez-nous
  Tél. (+352) 247 85163
  Fax: (+352) 26 20 02 95

 

 

go mobile with us