Déi 5. Podcast-Episod vum "Redaktergrupp" ass eraus.
In diesem Interview erfahren wir, wie das Jugendhaus Nidderaanwen funktioniert. Welche Aktivitäten kannst du im Jugendhaus machen, welche Aufgaben haben die Erzieher und was sind deine Möglichkeiten im Jugendhaus. Das alles erfährst du in dieser Folge.
jeudi 21 décembre 2023
Tags:
Déi 4.Podcast-Episod vum Redaktergrupp aus der Schoul "Am Sand" gouf nees an Zesummenaarbecht mat dem Jugendhaus an Axwai erstallt. Dës Kéier hunn d'Redakter(inn)en Klára, Julie, Marie a Marcus dem Fred Ternes als neie Buergermeeschter vun Nidderaanwen an als fréiere Schüler aus der Schoul "Am Sand" vill perséinlech Froe gestallt an hien huet eis vill erzielt. Du wëlls de Buergermeeschter gäre besser kenne léieren? Ma, da lauschter eran!

lundi 13 novembre 2023
Tags:
Den 20. Oktober huet d’ A.s.b.l. Maarkollef an d’ Enseignanten aus der Schoul d’Kanner vum Cycle 2 a Cycle 3.1 op d’ Halloweenfest am Kannergaart invitéiert. An grujeleger Atmosphäre konnten d’Kanner am Kannergaart Rommelmonsteren dekoréieren, duerch e risegt Spannennetz kloteren, e mageschen Zauberstaf bastelen oder mat verbonnen Aen duerch en onheemleche Fillparcours goen. D'Kanner goufe geschminkt a kruten Halloweentatooen gemaach. Fir Iessen a Gedrénks war och gesuergt : Grujelwirschtercher, Spagettispannebeen an e waarmen Hexendrank.
lundi 30 octobre 2023
mercredi 21 décembre 2022
Journée sportive & Charity Run
No 2 Joer Paus, dem "Schoulsportdag doheem" d'lescht Joer, konnte mer dëst Joer nees e richtege Schoulsportdag ofhalen. Et war nawell zimmlech kal, mee trotzdeem hate mer all e ganz flotten a sportleche Moien, bei deem d'Kanner ganz ënnerschiddlech Sportaktivitéite kennegeléiert hunn: Basket, Fussball, Kloteren, Danzen, Tennis, Dëschtennis, Karate, Volleyball, Rugby, Badminton (Fiederball), Spiller bei de Pompjeeën an an der Schwämm. Merci all de Benevollen déi en Atelier fir d'Kanner ofgehalen hunn an och den Eltere vun der APE fir déi gesond Stäerkung an der Paus. En extrae Bonus gouf et no de Sportsaktivitéite moies: de Charity Run! Enseignanten, Kanner, Elteren an e puer Pensionär(inn)e aus dem CIPA hunn hir Tier am Lafen oder Goe ronderëm d'Schoul gedréint, fir méiglechst vill Sue fir den Télévie ze sammelen.
mardi 5 avril 2022
Well mer nach ëmmer vun deem Virus geplot ginn, ass de Relais pour la vie och dëst Jor nees an der pandemiegemässer Outdoor-Variant duerchgefouert ginn. Jidderee konnt komplett fräi a flexibel iwwert de Weekend zu Fouss oder per Bike fir déi gutt Saach a Beweegung sinn. Ronn 70 Leit haten sech an der Syrdallschoulen-Ekipp ageschriwwen, Enseignanten an Eltere mat hire Kanner an/oder Hënn, si all hunn um Weekend vum 26.-27. Mäerz aktiv hir Solidaritéit mat alle Kriibskranke gewisen a Sue fir d’Kriibsfuerschung gesammelt. Mat der Hëllef vun den Elteren an den Enseignantë konnte mer insgesamt 4570 Eur (Participatiounsbeitrag an Donen) un d'Fondation Cancer iwwerweisen. Iech all en décke Merci fir ären Asaatz!
mardi 29 mars 2022
Dans le cadre des actions "Télévie" de notre école, les classes du cycle 4 vous invitent à leur exposition : « REGARDS D’ENFANTS » au «Kulturhaus Niederanven» (du 22/04 au 06/05 2022). Les photos et textes sont inspirés des visites de l’exposition photographique « The Family of Man » de Edward Steichen au Château de Clervaux, inscrite au patrimoine culturel de l’UNESCO. Le catalogue de l’exposition contenant les photos et les textes rédigés par les élèves peut être commandé au prix de 30€. Veuillez consulter le pdf annexé pour plus d'informations.
lundi 28 mars 2022
Im Rahmen der Aktion „Télévie Niederanven 2022“ haben die Kinder des Zyklus 2 Kalender auf Bestellung gebastelt. Im Ganzen wurden über 160 Kalender in unterschiedlichem Design gestaltet. An jedem Kalender haben SchülerInnen aus dem 1. und 2. Schuljahr gemeinsam gearbeitet. ...
Mehr dazu - FR - Read more
lundi 10 janvier 2022
mat Aktivitéiten aus verschiddene Beräicher vum Medienkompass
Chrëschtdag steet virun der Dier.
Dofir hu mir eis geduecht, mir géifen een Adventskalenner bastelen, dee voll gepaakt ass mat Aktivitéiten aus verschiddene Beräicher vum Medienkompass.
Am Dezember kënnt dir all Dag bis de 17.12. eng kleng digital Dierchen opmaachen, hannert där sech dann entweder e klengt Rätsel oder eng interessant Ressource fir Kleng a Grouss aus dem Beräich vum Medienkompass verstoppt.
Beim Léise vun de Rätsele kritt d‘Klass all Dag zum Schluss ëmmer eng oder méi Zuele matgedeelt. Dës ginn dann ...
lundi 29 novembre 2021