Fast Stone Image Viewer
Firwat esou e Programm installéieren? Et huet ee jo de Windows Explorer wou ee ka Fotoe kucken, embenennen, printen...
2 Argumenter: An de Méiglechkeeten ass de Windows Explorer staark limitéiert, an d'Drockfonktioun mech oft Problemer je no Printer.
Mam Fast Stone Image Viewer kannst de genee festleeën wéi s de déng Biller wëlls all op d'Säit printen, mat oder ouni Ënnertitelen, Schied, Rand... Du huest vill Astellungsméiglechkeeten an eng Vorschau déi der direkt weist wat déng Astellungen bewierken.
No der Installatioun kënnt der de Programm starten an déi gewënschte Sprooch wielen (ënner Settings: Language).
Lénks kënnt der den Dossier selectionnéieren an deem är Fotoe sinn, dono markéiert der rechts déi Fotoen déi der printe wëllt an da wielt der am Menü Create: Contact Sheet Builder, op Däitsch ass et am Menü Erzeugen: Kontaktbogen
Do huet een elo eng ganz Partie Astellungsméiglechkeeten. Dat kéint ech iech eng Kéier an enger halwer Stonn erklären (Falls Interessi, maacht mer eng Propose winni), et fënnt een ewer och villes selwer eraus, well een ëmmer kann op Vorschau kucke gon an da gesäit wat Ännerunge bewierken. Hei eng Uleedung aus dem WWW.
Wann ee fäerdeg ass, da kann een dat als pdf ofspäicheren an déi pdf-Datei kann een da printen.
Ech hunn iech 2 Virlage gemaach (Déi fannt der hei drënner), wann der bei den Astellunge sidd fir de Kontaktbogen, kënnt der déi einfach importéieren (ënnen: Einstellungen laden):
Vorlage2x3Fotos_A4_200dpi_hoch-breit.cssf:
Hei kritt der A4-Säiten mat je 2 Spalten an 3 Reihen (also 6 Fotoen pro Säit) woubei d'Fotoen all richteg ausgeriicht ginn.
Vorlage2x3Fotos_A4_200dpi_alle_breit.cssf:
Hei kritt der A4-Säiten mat je 2 Spalten an 3 Reihen woubei d'Fotoen all de breede Wee ausgeriicht ginn, sou dass se all zelwecht grouss sinn. Dat ass, wann een d'Fotoen herno ausschneide wëll.
Wann der lo eng vun deene Virlagen huelt a méi Fotoe wëllt op eng Säit kréien, da brauch der just bei Miniaturbild eppes aneres bei Spalten/Reihen anzeginn.
De Programm kann nach ganz vill méi:
Du kanns der eng Diashow man (mat villen Iwergangseffekter, Musek, festen Zäitvirgaben), d'Biller verloschtfräi dréien, d'Biller an en anert Format ëmwandelen (Bsp. vun tif oder bmp op jpg z.Bsp.), déng Bilddateien ëmbenennen, en Deel vun enger Foto ausschneiden an tëschespäicheren oder als neit Bild späicheren, du hues eng Reih Outilen fir d'Bild ze veränneren, e.a. kanns de z.Bsp. Spriechblosen mat Text dobei setzen an dat dann als neit Bild sp