D’Schoulgemeinschaft vum Sportlycée an d’ Ukranian Community Luxembourg soen iech villmools Merci fir är iwwerwältegend Spendebereedschaft, déi mir an den dräi Deeg vun onser Aktioun erlieft hunn. Net manner ewéi zwou grouss Camionnetten voller Kleeder an Hygiènesartikelen goufen an där kuerzer Zäit gesammelt – si kommen elo op eng Sammelplaz a ginn direkt un d’ukrainesch Flüchtlingen aus dem Krichsgebitt verdeelt, fir hir primär Besoinen ze decken.