Am Kader vun der Lycéestournée ‘Bildung am Dialog’ huet den Educatiounsminister Claude Meisch de Méinden, 19. Dezember, de Sportlycée besicht.
Als éischt hunn d’Schülerinnen a Schüler vun der Klass 4CS2 dem Minister an engem flotten Atelier de Projet ‘Léierstuff’ virgestallt, un dem si zanter 3 Joer deelhuelen. Dëse Projet erméiglecht et hinnen, wärend festgesate Schoulstonnen an an engem agreabelen Ëmfeld an Eenzel- a Gruppenaarbecht autonom an differenzéiert ze schaffen. De Minister Meisch konnt doropshi bei der Klass 5CS2 de Projet um Terrain erliewen a sech mat den Enseignanten a Schüler austauschen.
No engem Tëschestopp bei der Wall of Fame, déi am Kader vun onser 10-Joresfeier entstanen ass, stoung de Projet d’établissement vum Sportlycée um Programm, deen ons Sportschüler an hirer duebeler Karriär begleet an ënnerstëtzt. No enger genereller Aféierung hunn d’Schüler vun der Klass 5CS1 an de Workshoppe ‘Gesonde Liewensstil’, ‘Mental Stäerkt’, ‘Motivatioun’ an ‘Organisatioun a Kommunikatioun’ dem Minister e prakteschen Abléck an de Projet ‘Dual Career’ erméiglecht.