Dës Woch war de Ben Gastauer zu Besuch am Module "Mental Training" vum SLL: den eemolege Profi-Cyclist, deen ënner anerem 13mol bei de gréissten Etappecoursse vun der Welt Tour de France, Giro d'Italia an d'Vuelta dobäi war, huet seng Andréck an Erfarungen aus 12 Joer Profikarriär mat de jonke Cyclisten aus dem SLL gedeelt. Ausserdeem huet de Ben de Schüler konkret Tipps mat op de Wee ginn, wéi si hir Confiance grad am Ufank vun der Karriär oder a schwierege Phase stäerke kënnen. Merci Ben fir däi wäertvolle Besuch! #passthetorch