Freides, den 2. Dezember huet de Sportlycée um alljärleche Volleyballstournoi fir Schoulpersonal deelgeholl. Eng Rei vun eise Mataarbechter, déi all Dag am Dëngscht si fir eis
Sportschüler an hierer duebeler Karriär z’ënnerstëtzen, si selwer och sportlech aktiv, an dobäi och kompetitiv.
Organiséiert gouf dësen Event vum Sportsdepartement aus dem LCD an et hunn 17 Lycéeën deelgeholl. Fir den SLL sollt et en erfollegräichen Tournoi ginn, soudatt eise Lycée um Enn den Titel hëlt!
Felicitatioun un Meyers, Dahm, Pierini, Complak, Vieillevoye, Boudot a Margue fir des fantastesch Equippeleeschtung!