No engem gréissere Windows-Update ass d’Chance grouss, dass nees den Edge-Browser als Standard-Applicatioun fir pdf-Dateien agestallt ass. Wann der elo e pdf-Formulaire vum Ministère heimat ausfëllt, da kritt der Problemer, dass verschidde Felder z.Bsp net mat ausgeprint ginn. Et hëlleft dann och net, fir dono den Acrobat Reader fir déi Datei ze benotzen, well déi Datei ass dann einfach feelerhaft. Dir musst also vun Ufank un JUST mam Acrobat Reader schaffen.
Wann op ärem Computer pdf-Dateien automatesch mat engem anere Programm opgemaach ginn, da musst der dat emstellen, dass bei pdf-Dateien standardméisseg ëmmer den Acrobat Reader opgeet.
Fir den Adobe Reader als Standard-Programm fir pdf-Dateien anzestellen:
- Géi an de Windows Explorer (WINDOWS-Tast+E).
- Klick am Menü op "Ansicht" a setz dann den Hoken bei "Dateinamenerweiterungen" fir dass de ëmmer d'Extensioun vun den Dateien ugewise kriss.
- Klick mat der rechter Maustast op iergendeng PDF-Datei a wiel "Öffnen mit..." an dann "Andere App auswählen" (Annexe pdf-Standard1.jpg).
- WICHTEG: Setz onbedéngt den Hoken bei "Immer diese App zum Öffnen von .pdf Dateien verwenden". Wiel elo an der Lëscht vun de Programmer déi s de proposéiert kriss den Adobe Reader aus a bestäteg mat OK. (Annexe pdf-Standard2.png).
Vun elo un gëtt dann all PDF-Datei standardméisseg mam Adobe Reader opgemaach (sou laang bis e Windows Update dat rëm réckgängeg mécht.).