Laang Zäit huet ee fir vill interaktiv Internetsäiten de JAVA gebraucht. Dee gët ewer lo vun de moderne Browseren (Chrome, Edge) net méi ënnerstëtzt. Wann s de nach Browseren oder Computerprogrammer benotzt déi op der JAVA-Technologie opbauen, da muss de eleng schon aus Sécherheetsgrënn de JAVA op déngem Computer à jour halen.
Installéier der hei déi aktuell Versioun.
Wann d'Installatioun net fonktionéiert, da kannst de mat der Offline-Versioun probéieren.
Gudd ze wëssen: Wanns de de Firefox benotz an dann z.Bsp.an de Scolaria wëlls gon, da kënnt uewe lénks eng kleng Fënster fir de Java ze genehmegen ( Grafik). De Problem ass, dass de dee Plugin dee genehmegt soll ginn am Ufank net gesais, du muss an der klenger Popup-Fënster op "Alle anzeigen" klicken. Deen ierweschte Plugin kannst de weiderhin blockéieren.