Wanns de am Feld nierft „An…“ oder „Cc…“ en Numm tipps, da gët deen vum Outlook duerch déi gespäichert Mailadress (oder Verdeelerlëscht) ersat.
Dat ass nët onbedéngt déiselwecht Adress oder Verdeelergrupp wi se bei eis um Server agedroen ass, mee den Outlook verhällt sech einfach alles wat iergentwann an deem Adressfeld stoung, demno och falsch agetippten Adressen oder Verdeelerlëschten vum leschte Jor.
Fir secher ze sinn, dass d’Adresse stëmmen solls de ëmmer iwwert d’Schaltfläch „An…“ oder „Cc…“ d’Adress an eis Adresselëscht um Server (Globale Adressliste) siche gon a vun Zäit zu Zäit déi vum Outlook selwer gespäichert Adressen läschen.
Géi dofir am Menü vum Outlook op
DATEI --> Optionen --> E-Mail:
scroll erof a klick rechts op „AutoVervollständigen-Liste leeren“.
Du kanns och eeenzel falsch Adressen läschen, wéi dat geet gëtt hei erkläert.