Jidderee schafft haut mat e puer Geräter (PC, Smartphone, iPad, asw.). Meeschtens huet een deeselwechte Browser deen ee fir d'Surfen am Internet benotzt, am verbreetste sinn Google Chrome, Mozilla Firefox an Internet Explorer. Et huet een eng Rei Säiten als Lesezeichen (/Favoriten/Bookmarks) gespäichert , fir se ëmmer nees schnell erëmzefannen. Mee wann een dann de Computer wiesselt, sinn déi gespäichert Adressen net méi verfügbar. Fir dass dat engem net geschitt, dofir ginn et haut einfach Léisungen.
Fir d'éischt ass et jo mol méiglech all déi Adressen vun engem Browser op en aneren z'importéieren.Dat behieft de Problem ewer net su richteg, well wann een dann nees nei Adresse späichert, da sinn déi ewer just op deem Gerät drop.
Méi sënnvoll ass et séng Browserastellungen op all Geräter ze synchroniséieren, sou dass een dann op egal wéi engem Gerät säi gewinntent "Emfeld" (gespäichert Säiten, Verlaf, Astellungen) eremfënnt. Fir dass dat geet muss een sech am Browser mat séngem Kont umellen an d'Synchroniséieren astellen. Dat geet am beschten mam Chrome a mam Firefox. Den Internet Explorer ass hei nach limitéiert. Et ass dowäert sech eng Kéier e bëssen Zäit dofir ze huelen...
Google Chrome:
Mozilla Firefox:
Internet Explorer: