Den neie Word kompriméiert automatesch, wanns de eng nei Datei erstellst an se als .docx späicherst (Dat ass d’Dateiformat vum neie Word).
MEE: Wanns de eng al Worddatei (doc) opmëss an du schaffs dran a späichers se dono nees einfach of, da gët näischt kompriméiert, well se jo weiderhinn am alen .doc-Format gespäichert gët.
Du kanns déi Datei op 2 Art a Weise verklengeren:
- andeems de virum Späicheren d’Biller vum Word kompriméiere léiss:
Dat geet esou: http://bit.ly/St2lgY
- andeems de se als .docx späichers (Hei gët dann eng nei Datei erstallt, du dierfs dann nët vergiessen déi al .doc-Datei am Windows Explorer ze läschen!)