Am Kader vun der Aktioun Maarkollef haten d'Nidderaanwener Enseignanten Freides owes de 16. Januar e grousst Nuetsspill fir d Kanner vum Cycle 4.1 am Groussebësch organiséiert. Als gemittlechen Ofschloss vum Owend, gouf et dono eng kleng Soirée am Chalet mat Wain a Kéis...
D'Geschicht:
All Joer, de 16. Januar treffe sech all d’ Soefiguren an engem lëtzebuerger Bësch fir gemeinsam ze feieren. Dëst Joer treffe se sech am Groussebësch, mee de Soefigure geet et net gutt, si hunn all e Malaise.
Den Zauberer aus dem Groussebësch huet se nämlech verflucht, well si hien ni alueden, well hien eigentlech keng bekannte lëtzebuerger Soefigur ass. D’ Figuren kënne vun dësem Fluch nëmme vu Kanner erléist ginn, déi all zesummen den Erléisungssproch soen. Un dëse Sproch kënnen d’ Soefiguren sech awer nëmmen deelweis erënneren.
Ziel vun de Kanner ass also bei de Soëfiguren rauszefannen , wat hire Malaise ass, hinnen ze hëllefen an als Belounung e Stéck vum Erléisungssproch (e Puzzelstéck) ze kréien.
Ennerwee begéinen si engem Jeër, Feen, de Bichelgréidecher, Wiichtelcher, Schappmännecher, 7 wäisse Joffren, Wëllef, dem Melusina, Miereswiesen an dem Zauberer