Den 20. November war Internationalen Dag vun de Kannerrechter.
An deem Kader hate mir d’läscht Joer eng Mënscheketten am Haff gemaach.
Och dëst Joer hu mir nees esou eng Aktioun gestart, fir eist Engagement vis-à-vis vun den UNESCO-Wäerter ze weisen. An och am Ruanda huet eng vun eise Partnerschoule matgemaach a grad wéi bei eis och an där Woch d’Thema „Kannerrechter“ behandelt.
Dëst Joer hu mir mat alle Schüler eng Mënscheketten an de Gäng vun der Schoul gebilt. Dës Aktioun hate mer op freides, den 23. November geluecht.
Hei kënnt der iech de Film vun eiser Mënscheketten de moien an der Schoul eroflueden/ukucken. (Et ginn nach 2 aner Versiounen, déi ewer just mat engem IAM zougänglech sinn: Versioun matt der Hannergrondmusék vum Yves Duteil “Tous les droits des enfants” an d'Versioun matt der Hannergrondmusék "Where is the love" vu Black Eyed Peas)
*** Am 20. November war der Weltkindertag. Um unser Engagement für die UNESCO-Werte zu verdeutlichen, haben wir mit unseren Schülern eine Menschenkette durch das Schulgebäude gebildet. Symbolisch für unsere gegenseitige Solidarität, hat gleichzeitig in einer unserer Partnerschulen im Rwanda eine ähnliche Aktion stattgefunden. ***
*** Dans le cadre de la Journée Mondiale de l’Enfance le 20 novembre, notre école, ensemble avec d’autres écoles associées de l’UNESCO, a montré son engagement en faveur des valeurs de l’UNESCO en constituant une « chaîne humaine » avec tous nos élèves à travers le bâtiment de l’école. A cette occasion, une de nos écoles partenaires au Rwanda a également réalisé une action semblable, symbolisant ainsi notre solidarité.***
Aktioun Mënscheketten Am Sand
#Niederanven #SchoulAmSand #ChildrensDay2018 #Unesco #ChildrensDay #journeemondialedelenfance #worldchildrensday