Et se lo knapp 2 Méint, dat mir eis éischt Beien op de Stand kruten, 3 nei Völker vum Georges Kohnen.
Elo hu mir 7 Völker am Beienhaus an e Vollek an der Topbarhive baussen.
All eise Beie geet et tiptop, si se ganz brav a mir hu schon virun 9 Deeg eis éischt 14 kg Hunneg geschléidert.
An de Këschten sen elo nach ungeféier 45 kg Hunneg di ab Enn dëser Woch kenne geschleidert gin.
Wann d’Wierder sou schéi bleiwt kennt dës Woch nach eng ganz Partie Hunneg dobai.
D’Michèle Goedert war scho mat ville Klassen op de Stand kucke.
Mir hun och e Schaukasten mat engem klenge Vollek. Hei kann en de Beien op 2 Waben duerch eng Glasplack baim Schaffen nokucken.
Well si awer hei net genuch Platz hun, setze mir des Beien nom 15. Juli an eng normal Këscht em.
Mat vill Chance a gudder Hëllef packen si et dann iwert de Wanter.