Fir d'fënnefte Kéier gouf dëst Joer de Luxembourg City Film Festival organiséiert. An deem Kader gouf et och e Kanner a Jugendprogramm. D'7O2 huet sech den 27. Februar den tierkesch-däitsche Film "Deine Schönheit ist nichts wert" am Sall vun der Cinémathéik ugekuckt. Hei gouf d'Situatioun vun enger kurdescher Famill déi an Éisteräich Asyl ugefrot huet beliicht. De Film deen aus dem Bléckwënkel vun engem 13-jähresche Bouf erzielt war huet duerch seng einfühlsam Biller beandrockt. Unschléissend gouf et eng interessant Diskussiounsronn mat den Hären Joy Hoffmann vum Festival an Serge Kollwelter vun der ASTI.